British Columbia

Vu Wikipedia
British Columbia
Fandel Wopen
Devise: Splendor sine occasu

All Provenzen an Territoire vu Kanada
Land : Kanada
Haaptstad : Victoria
Greisst Stad : Vancouver
Premierminister : David Eby (NDP)
Flach :
 - Total:
 - Waasser:
Op 5. Plaz
944.735 km²
2,1 %
Bevelkerung :
 - Total:
 - Dicht :
Op 3. Plaz
4.400.057 (2011)
4,76/km²
Deel vu Kanada ginn : 20. Juli 1871
Offiziell Sprooch : Englesch
Zaitzon : UTC -8/-7
Postcode : BC

British Columbia ass eng Provenz am Weste vu Kanada . Hiren Numm kennt vum Columbia River .

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

British Columbia huet mei wei veier Milliounen Awunner a lait tescht dem Pazifeschen Ozean an de Rocky Mountains . Am Nordweste vu British Columbia lait Alaska , am Norden d'kanadesch Nordwest-Territoiren a Yukon , am Osten d'Provenz Alberta an am Suden d'US-Bundesstaate Washington , Idaho a Montana . D'Provenz huet eng Flach vu ronn 945.000 km² an ass domat mei wei draimol sou grouss wei Italien . [1] Hir accidenteiert Kust ass iwwer 27.000 km laang mat deiwe Fjorden a 6.000 Inselen, dei meescht onbewunnt sinn.

D'Haaptstad Victoria gouf no der englescher Kinnigin benannt, enner dar hirer Herrschaft British Colombia gegrennt gouf. Si ass haut dei 15. greisst Metropolregioun a Kanada. Vancouver ass dei greisst Stad an der Provenz, dei greisst Metropolregioun am Weste vu Kanada an dei drettgreisst Metropolregioun am ganze Land.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Indigen Velker, fir dei a Kanada den Iwwerbegreff Eischt Natiounen ("First Nations") benotzt gett, hunn an der Regioun zenter op d'mannst 10.000 Joer gewunnt. D'Europaer sinn an der Mett vum 18. Joerhonnert an d'Regioun komm fir mat Pelz ze handelen a Seiotteren ze joen. Den eischte Kontakt mat Europaer huet eng Rei Epidemie provozeiert (zum Beispill Variole ), un deene vill lokal Awunner gestuerwe si well si - am Geigesaz zu den Europaer - keng Immuniteit geint dei Krankheeten haten. Dat huet zu engem dramateschen demographeschen Abroch gefouert an och speider ass et mat den eischten europaeschen Neierloossungen an der Regioun net besser ginn. D'kolonial Verwaltung war der Meenung, d'europaesch Kolonialiste geifen den Territoire besser exploiteieren a kruten dofir de Besetz vum Land zougesprach. D'indigen Velker goufen a Reservater gedrangt, dei fir hire Liewensstil dacks ze kleng waren. 1930 goufen et 1.500 Reservater a British Columbia.

Vun der Handelsfirma Hudson's Bay Company goufen am 19. Joerhonnert eischt Territoire mam Numm British Colombia etableiert, dei speider zesummegeluecht goufen an dunn 1871 Deel vu Kanada gi sinn.

Ekonomie [ anneren | Quelltext anneren ]

2014 hat British Columbia e PIB vun 237.188 Millioune kanadeschen Dollar, wat 12,02 % vum PIB vu Kanada entsprach huet. D'Provenz war laang vum Ofbau vun natierleche Ressource ofhangeg, haaptsachlech an der Forstwirtschaft, ma och am Biergbau an elo emmer mei an der Produktioun vun Naturgas. D'Aarbechtsplazen an deene Secteure ginn zwar graduell erof, spillen trotzdeem awer nach eng wichteg Roll.

Dengschtleeschtungen am Finanzsecteur zum Beispill entweckele sech emmer mei staark. Veier Fenneftel vun den Aarbechtsplaze kommen aus dem Dengschtleeschtungssecteur. [2]

An der Regioun em Vancouver gett et no Los Angeles an New York dei drettgreisst Filmindustrie an Nordamerika . [3]

Biller [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: British Columbia ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Verglach British Colombia - Italien
  2. workbc.ca: British Columbia's economy (gekuckt de 4. September 2016)
  3. Vancity Buzz: 2015 a record year for Vancouver's film and television industry (19. Februar 2016)