한국   대만   중국   일본 
British Academy Film Awards ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

British Academy Film Awards

Vu Wikipedia
Dei haiteg Praisskulptur

D' British Academy Film Awards , och nach BAFTA Film Awards oder einfach BAFTA Awards genannt, sinn dei wichtegst Filmpraisser a Groussbritannien . Si ginn zenter 1948 all Joer am Februar zu London vun der British Academy of Film and Television Arts (BAFTA) organiseiert a gellen als de brittesche Pendant zum Oscar .

Praisskulptur [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei eischt Praisstatu gouf vum bekannte Sculpteur Henry Moore entworf a war eng Fraefigur, dei e klengen Aascht vun engem Olivebam an der Hand gehalen huet. Et goufe fennef dar Statue produzeiert, mat der Iddi, dat all Produktiounsfirma oder Filmstudio, dei fir e Film ausgezeechent goufen, dei Statu ee Joer laang keinten ausstellen, eier se se der Akademie sollten zereckginn. Duerno krute se dunn eng mei kleng Skulptur, dei den Aascht vun der Haaptstatu representeiert huet. Dei kleng Skulptur konnten d'Gewenner halen. [1]

Well et awer net gutt ukomm war, datt een d'Praisskulptur no engem Joer misst zereckginn, gouf se 1968 duerch eng aner ersat. Fir dei nachst 8 Joer war et eng Skulptur vun enger mythologescher Fraefigur aus schwaarzem Basalt mam Spetznumm Stella. [2]

Zenter 1976 ass d'Praisskulptur eng Schauspillermask, dei 3,6 Kilo weit. [3]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: British Academy Film Awards ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. heritage.bafta.org: 1949 - Sitting Pretty: Henry Moore designs first trophy (gekuckt den 21. November 2021)
  2. heritage.bafta.org: 1968 - Introducing Stella: New Trophy Design (gekuckt den 21. November 2021)
  3. heritage.bafta.org: 1976 - A New Face: The BAFTA mask (gekuckt den 21. November 2021)