Botany Bay
,
Botanesch Bucht
ass den Numm vun enger Bucht bei
Sydney
,
New South Wales
,
Australien
.
An deser Bucht ass de
James Cook
mat dem Scheff
Endeavour
fir d'eischt an Australie gelant.
Den Debarquement vum Cook huet den Ufank vum Intressi vun England un Australie gemaach, wat speider als Konsequenz d'Kolonisatioun vun desem Kontinent duerch England hat. Australie gouf deizait de
Sudkontinent
genannt.
Haut ass d'Botany Bay haaptsachlech bekannt duerch den Internationale
Kingsford Smith Fluchhafen
deen och de wichtegste Fluchhafe vun Australien ass. D'Geigend em d'Botany Bay steet enner Naturschutz am Kader vum
Nationalpark Botany Bay
. An der Botany Bay ass och d'
Naturresevat Towra Point
.
Am Ufank huet de Cook an aner Redaktere vum Expeditiounsjournal d'Bucht
Stingray Bay
genannt weinst engem Stachelrochen dee se do gefaangen haten. Ma a sengem Journal deen de Cook speider op Basis vu sengen Notize geschriwwen huet, huet hien den Numm a
Botany Bay
emgeannert, an en huet als Ursaach dofir uginn datt de grousse Planzeraichtum deen de
Joseph Banks
an den
Dr. Solander
op deser Plaz beschriwwen hunn, hien dozou bruecht hatt.
[1]
Fluchhafe vu Kingsford an Hafen (Port Botany)
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
De klenge Fluchhafe
Mascot
an der Botany Bay gouf no an no ausgebaut an
1953
zu Eiere vum
Charles Kingsford Smith
an
Kingsford Smith Internaional Airport
emgedeeft. Haut gett en awer meeschtens kuerzerhand Sydney Airport genannt.
Den Hafen,
Port Botany
gouf
1930
gebaut an ass haut e
Container
-Terminal.
- Expedition a Botany Bay, la fondation de l'Australie coloniale
, Watkin Tench, Preface vum Isabelle Merle, 2006, Editions Anacharsis Le texte fondateur de l'Australie, Recit de voyage d'un capitaine de la
First Fleet
durant l'Expedition a Botany Bay.
[1]
- ↑
Ray Parkin
,
H. M. Bark Endeavour
,
Miegunyah Press
, zweet Editioun 2003,
ISBN 0-522-85093-6
, page 203.