The Boston Tea Party
oder och
The Rebel's Tea Party
ass an der Amerikanescher Geschicht den Numm vun engem Protestakt am Hafe vu
Boston
an der Nuecht vum
16.
op de
17. Dezember
1773
.
An dar Nuecht haten d'Geigner vum Teimonopol vun der
British East India Company
, drai Scheffer vun dar Kompanie, dei am Hafe vu Boston louchen, an dei
Tei
gelueden haten, gekapert, an dei ganz Ladung an d'Mier gehait.
Des Aktioun war eng vun den Ufanksrevolten dei den
Amerikaneschen Onofhangegkeetskrich
agelaut hunn.
Dei englesch Kolonie waren onzefridden iwwer de Steiersystem, an d'Taxen dei d'Heemechtsland dat mei wei 3.000
Meilen
ewech war, opgehuewen huet, ouni datt si selwer d'Walrecht haten a matbestemme konnten, wat bei hinnen an der Kolonie sollt gescheien.
D'Protester dodergeint ware sou grouss ginn, datt den deemolege Premier Minister vu
Groussbritannien
de
Lord North
am Joer
1770
trotz dem
Kinnek George III.
sengem Widderstand d'Douanestaxen op den Importer ofgeschaaft huet. Dommerweis hat hien eng Ausnam gemaach an zwar bei den Taxe fir den Teiimport, ee vun de greissten Importe vun Amerika.
Dat hat als Konsequenz, datt du ferrem Tei
geschmuggelt
ginn ass. D'Reaktioun vun de Britten dodrop ware mei streng Kontrollen an den
Hafen
, an do derbai hu se der
Brittescher Ost-Indien-Gesellschaft
de
Monopol
vum Tei-Import fir Nordamerika ginn.
Well den Ostindeschen Tei mei belleg gewiescht wier wei d'Schmuggelprodukten, waren d'Schwaarzhandler och net frou dodriwwer an hu sech deenen ugeschloss, dei schonn emmer geint d'Taxen an d'Handelsaschrankunge protesteiert haten.
Am Dezember 1773 louchen dunn drai Scheffer vun der Ost-Indien-Gesellschaft am Hafe vu Boston, an et gouf seier bekannt, datt se en decke Batz Tei an de Calen hatten.
Op Dirangele vum
Samuel Adams
, engem vun de militantste vun hinnen, gouf eng vigoureis Aktioun gestart. Als
Indianer
verkleet, mat Krichsmolerei an de Gesiichter, hu se dei drai Scheffer iwwerfall, an den Tei deen dei gelueden haten, an d'Mier gehait.
D'Britten hunn dodropshinn den Hafe vu Boston gespaart. Des Strofmoossnam an anerer, dei nach no an no derbaikoumen, hunn den Onofhangegkeetskrich du ganz seier erbaigefouert.