한국   대만   중국   일본 
Francois Konter ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Francois Konter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bizzi Konter )
Francois Konter
Foto vun der Ekipp dei den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam geint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. Jempi Fiedler , Bizzi Konter, Erny Brenner , Jim Hoffstetter , Fernand Brosius , Nico Schmitt
Enne v.l.n.r. Bizzi Klein , Jean Klein , Camille Dimmer , Ady Schmit , Louis Pilot
Gebuer 20. Februar 1934
Zowaasch
Gestuerwen 29. August 2018
Beetebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialiteit
Zenter-Back
Verain/Ekipp KAA Gent (Foussballverain) ,
Letzebuergesch Foussballnationalekipp ,
FC Rodange 91

De Francois Konter , besser bekannt als Bizzi oder Bitzi Konter , gebuer den 20. Februar 1935 zu Zowaasch a gestuerwen den 29. August 2018 [1] , war e letzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer [2] .

De Konter war dat sechst vu siwe Kanner an huet vu klengem un zu Zowaasch gewunnt. Zanter 2005 wunnt hien zu Nidderkuer .

Tescht dem 9. Oktober 1955 am 23. Abrell 1969 huet hien a 77 Matcher fir dei letzebuergesch Foussballnationalekipp 4 Goler geschoss [3] .

Vun 1951 bis 1961 huet hie fir Chiers Rodange gespillt, duerno gouf hie Profi an huet noenee fir den RSC Anderlecht , R. Crossing Club Molenbeek an A.R.A. La Gantoise gespillt.

1971-1972 war hie Foussballtrainer bei Excelsior Virton , 1972-1974 bei Woluwe St Lambert , 1974-1976 beim F.C. Miniere Lasauvage an 1976-1978 bei der Fola Esch .

Fir ze liesen

  • Bitzi Konter. Erfolgreicher Sportler der Gemeinde Differdingen , in: Deifferdang Magazine , Nr 8, 2005

Referenzen

  1. "Francois Konter gestorben." wort.lu, 29.08.2018.
  2. De Francois Konter op der Websait profoot.lu
  3. Lescht vun de Lannermatcher vum Francois Konter op der Websait vun European Football