D'
Bibliotheque nationale de France
(
BnF
) ass d'
Nationalbibliotheik
vu
Frankraich
.
Si dreit hiren aktuellen Numm zenter 1994, mee existeiert an ennerschiddleche Forme schonn zenter dem
Mettelalter
. D'BnF huet ee vun de raichste Bestann op der Welt.
D'Missioun vun der franseischer Nationalbibliotheik ass d'Sammelen, d'Archiveieren an den Ennerhalt (Conservatioun, Restauratioun) vun allem, wat a Frankraich vereffentlecht oder publizeiert gett, awer och vun de freieren an neie Sammlungen. D'BnF bedreift och selwer Fuerschung a Wessensverbreedung, besonnesch andeem si reegelmeisseg Ausstellunge fir de breede Public an aner kulturell Evenementer, Konferenzen, Colloquen a
Concerte
organiseiert.
Si ennerhalt e Kooperatiounsnetzwierk mat aneren Dokumentatiounsdengschter a Frankraich a koopereiert och international op ennerschiddlech Aart a Weis mat aneren Institutioun an deem Beraich.
D'BnF krut schonn 1537 als eischt Institutioun den Optrag fir den
Depot legal
. Haut ass si dei greisst Bibliotheik am Land an eng vun de greissten op der Welt. All d'Kollektiounen zesumme representeieren ongefeier 150 Milliounen Dokumenter. Si huet de Statut vun enger effentlecher Ariichtung mat Verwaltungscharakter
[1]
. Hir Aktiviteite verdeele sech op siwe Standuerter, vun deenen de wichtegsten de Site "Francois-Mitterrand" ass, um lenksen Ufer vun der
Seine
am
13. Arrondissement vu Parais
. Den historesche Site aus dem
17. Joerhonnert
, deen haut e ganze Block anhelt, lait am
2. Arrondissement
.
All Joer kritt dei franseisch Nationalbibliotheik iwwer 70.000
Bicher
, iwwer 250.000
Zaitschreften
an dausende spezialiseierten Dokumenter am Depot legal dobai, awer si keeft och selwer an a kritt Spenden. Den online Depot legal huet bal ee
Petabyte
(Po) un Date gesechert. E groussen Deel vun de Referenzen ass online iwwer de Gesamtkatalog vun der BnF an hir Spezialkataloge consultabel. D'BNF ass och fir hir digital Bibliotheik
Gallica
bekannt, dei en direkten Zougreff op d'Reproduktioun vu mei wei 7,6 Milliounen Dokumenter an Text-, Bild- oder Tounformat ermeiglecht. Um Site "Francois-Mitterrand" befennt sech donieft d'
Inatheque
, dei fir den Depot legal vum Radio an der Televisioun responsabel ass.
- ↑
Etablissement public a caractere administratif