Ee
bedeckungsveranderleche Star
ass en
Duebelstaresystem
, deem seng Bunn sou am Raum lait, datt sech dei beid
Staren
, vun der
Aerd
aus gesinn, periodesch op d'mannst deelweis bedecken.
Am Allgemengen hunn dei beid Stare vum Duebelstaresystem verschidde Greissten a verschidden Uewerflachentemperaturen.
Verdeckt dee klenge Star ee Beraich vum greisseren, erreecht d'
Liicht
, dat vum verdeckten Deel vu senger Uewerflach ausgeet, den
Observateur
net. Et nennt een dei Phas, den
Transit
an d'Hellegkeet vum ganze System ass warend dar Phas mei niddreg wei zu den Zaiten, wou dei beid Staren nieftenee stinn. Am
Liichtbou
weist sech eng ?Dell“, dei an hirer Mett ee Minimum erreecht.
Leeft dee klenge Star ganz oder deelweis hanner deem grousse laanscht, erreecht d'Liicht vum klenge Star den
Observateur
ganz oder deelweis net (total,oder partiell
Bedeckung
). Et ergett sech also tescht zwei Transit-Minima e weidere Minimum. Wat fir eng Aart vu Minimum mei deif ausfalt, hankt vun der Uewerflachenhellegkeet vu beide Staren of. Ass d'Uewerflachenhellegkeet vum klenge Star mei kleng, wei um Bild riets, sou ass d'Transit-Minimum mei deif (en Extremfall vun deser Konstellatioun ass den Transit vun engem Planeit virun engem Star). Anerefalls ass den Transit-Minimum mei flaach, ee Fall deen heefeg optrett, wann de groussee Star e
roude Ris
ass.
Well d'Annerung vun der
Liichtkraaft
vun engem Bedeckungsverannerlechen nemme vun de relativ konstante Starenzoustandsgreissten an der Emlafdauer vum System ofhangeg ass, ass de Liichtbou streng periodesch. D'Form vun der Minima ass vun der
Geometrie
, d. h. de
Bunndaten
vum System an dem Wenkel, enner deem de
Bunnplang
vun der Aerd aus gesi gett, ofhangeg, souwei vun de physikaleschen
Zoustandsgreisste
vun de bedeelegte Staren (wei z. B.: Radius, Liichtkraaft a
Randverdonkelung
).
De groussen astrophysikaleschen Notze vun deser Stareklass entsteet duerch d'Meiglechkeet, genee Miessung vum Liichtbou op dei ugesprache Bunndaten an d'physikalesch Zoustandsgreisste schleissen ze kennen. Et brauch een heizou zousatzlech e puer relativ liicht ze miessend spektroskopesch Date, fir op d'Uewerflachentemperatur an d'Relativvitesse vu beide Stare schleissen ze kennen.
Et ennerscheet een unhand vum
Liichtbou
tescht
benannt no charakteristesche Vertrieder hirer Aart.
Vill
Exoplaneite
goufe mat der Method vun der
Starebedeckung
nogewisen. Well
Planeiten
net selwer liichten, gett dobai nemmen e periodesche Reckgang vun der
Liichtkraaft
vum Star pro Emlaf observeiert; dese Reckgang ass kleng, well d'Planeite mei kleng si wei d'Staren.
- (de)
Sternwarte Hagen
- interaktive Java-Applet Beispill vun der Geometrie an dem resulteierende Liichtbou (niewst theoreetescher Behandlung)
- ↑
D. Gossman,
Light Curves and Their Secrets
, Sky & Telescope (October 1989, p.410)
- ↑
Eclipsing Binary Simulation
, Cornell Astronomy