De
Barthelemy
oder
Bartholome Namur
, gebuer den
13. September
1728
zu
Letzebuerg
, a gestuerwen de
25. Januar
1779
, war e Sculpteur aus dem
Herzogtum Letzebuerg
.
[1]
Hie war de Bouf vun engem
Lengewiewer
. Tescht 13 an 19 Joer huet hien eng Leier als Sculpteur beim
Martin Jacques
vu
Kleng Elchert
gemaach. Dono huet hien eng 3 Joerzengte selbstanneg als Sculpteur geschafft. No engem Aarbechtsaccident, 1773, huet hie misse mei lues maachen.
Zu senge Wierker zielen e. a. den Heichaltor an der
Kierch vu Recken
, Holz- a Steendekoratiounen am
Refuge Sankt Maximin
, an Aarbechten un den Altar an de Kierche
vu Schetter
a
vu Sandweiler
. Weiderhin si vun him: de Priedegtstull an der
Izeger Kierch
, den Haaptaltor an dar vun
Atert
, d'Portal vum ale
Stater Kolleisch
, souwei zwou Statuen, eng vum
Ignatius vu Loyola
an eng vum
Francois Xavier
(haut an der
Kierch Walfer
).
- ↑
Quell, wou net anescht uginn:
Evy Friedrich
:
Kalennerblieder 1
, Letzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.33.