한국   대만   중국   일본 
Badanstalt (Stad Letzebuerg) ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Badanstalt (Stad Letzebuerg)

Vu Wikipedia
Badanstalt
Vue laanscht de Boulevard Royal
Land Letzebuerg
Adress 12, Rue des Bains
Koordinaten 49° 36’ ’’ N 06° 07’ ’’ E
Architekt(en) Pierre Funck (1)
Jean-Francois Eydt (1)
Alphonse Kemp (2)
Datum vum Bau 1873-1875 (1)
1906-1910 (2)
Proprietar Stad Letzebuerg

D' Badanstalt , offiziell Centre de relaxation aquatique "Badanstalt" , ass eng effentlech Schwamm an der Biedergaass , dei vun der Stad Letzebuerg bedriwwe gett.

D'Installatioune bestinn aus engem mettelgrousse Schwammbaseng mat Whirlpoolen a Waasserstrutz, zwou Saunakabinnen , engem tierkesche Bad , engem Fitnessraum, Duschen a Buedbidden , an engem Solarium .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

0 0 Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.

D'Badanstalt gouf vun 1906-1910 no de Plang vum Architekt Alphonse Kemp gebaut an huet bis haut, trotz grousse Renovatiounen hiren ausserleche Charakter mat der Fassad am Jugendstil behalen.

Schonn 1873 gouf et op der selwechter Plaz eng effentlech Schwamm. Dat deemolgegt Gebai gouf vum Architekt Pierre Funck , zesumme mat sengem Schweierpapp, dem Architekt Jean-Francois Eydt , vun 1873 bis 1875 gebaut. [1]

Bis 1950 war d'Badanstalt dei eenzeg iwwerdeckt Schwamm am Land, mat Ausnam vun de Bieder vu Munneref. Nieft dem Basseng gouf et och eng Galerie, wou bis zu 200 Spectateure Plaz haten.

Dei lescht grouss Renovatioun vun 1990-1992 vun den Architekte Romain Hoffmann a Carlo Schemel huet aus der freierer Schwamm e richtege "Centre aquatique" mat Saunaen an aner Wellnessberaicher gemaach.

Biller [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Badanstalt ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Les architectes de la ville 1817-1987: Jemp Kunnert ons stad 24/1987 , 1987.