|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Architekt a Moler Auguste-Leopold van Werveke (1866-1927). Fir de Journalist Auguste ("Gust") van Werveke (1896-1976), kuckt wgl.
Gust van Werveke
.
|
Den
Auguste-Leopold van Werveke
[1]
, gebuer den
2. August
1866
am
Gronn
a gestuerwen den
30. Januar
1927
an der
Stad Letzebuerg
, war e
letzebuergeschen
Architekt, Zeecheprofesser a Moler.
Hie war
1893
Grennungsmember vum
Cercle Artistique de Luxembourg
a krut
1907
, zesumme mam
Jean Curot
, de
Prix Grand-Duc Adolphe
.
Hie war de Papp vum
Gust van Werveke
an de Brudder vum Geolog
Leopold van Werveke
an dem Historiker
Nicolas van Werveke
.
Den Auguste van Werveke huet am
Stater Kolleisch
geleiert. Duerno goung hien op d'
Kunstakademie Dusseldorf
an
1893
op d'
Ecole francaise
zu Roum. Dat selwecht Joer gouf hie
Charge de cours
an der
Handwierkerschoul
an der Stad an
1901
am Kolleisch, wou hien de
Michel Engels
ersat huet.
1902
huet hie seng
Maitrise de dessin
gemaacht a krut dunn eng Nominatioun als Zeecheprofesser am
Gymnase
an der Stad.
1919
gouf hien Zeecheprofesser an der Stater Handwierkerschoul.
- D'
Aarbechterkolonie
zu
Stengefort
- D'Primarschoul zu
Greiwemaacher
- 1925 hat hien de Plang gemaach vum Austellungspavillon vun de letzebuergesche Rousenziichter op der
Exposition Internationale des Arts Decoratifs
zu Parais.
Den Auguste van Werveke huet eng Retsch Wierker gemaacht, dei niewent dem kenschtlereschen och nach e groussen dokumentaresche Waert hunn. Hien huet
Aquarellen
,
Pastellen
a
Fiederzeechnunge
vun de pittoresken Ecker aus dem
Land
an der Stad gemaacht.
-
Vue op d'Corniche vum Gronn (1888)
-
Partie dans le Grund (1898)
-
Illustration pour un livret-programme de l'
Union dramatique
(1899)
-
Esch-Sauer
-
Rue de l'Eglise, Esch-Sauer
-
Rue des Tisserands
-
Melusina
2002
huet dem Auguste van Werveke seng Duechter Anita testamentaresch eng
Fondatioun
grenne gelooss, d'
Fondation Auguste van Werveke-Hanno
, dei Bourssen un Architektur- oder Konschtstudente vergett.
[2]
- Anonym, 1998.
Gedenktage: Auguste van Werveke, 30. Januar.
Letzebuerger Journal 1998, 30. Januar, S. 15.
- Regard sur deux siecles de creation et d'education artistiques au Luxembourg, realise par l'Association des professeurs d'education artistique de l'enseignement secondaire et superieur, S. 98-99, Imprimerie Saint-Paul, 1987,
ISBN 2-87963-000-2
- Lang, C., 1967.
Le personnel de l'enseignement secondaire et superieur du Grand-Duche de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Felix Heuertz (1922), complete par Charles Lang (1967).
Publications du Ministere de l'Education nationale, Luxembourg, S. 1-125 (van Werveke Auguste, S. 117).
- Gilbert, P.
, 1986.
La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la metamorphose d'une ville en un siecle.
Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul.
BNL
LB 1061, S. 161
- Philippart, R.
, 2007.
Luxembourg. Historicisme et identite visuelle d'une capitale.
207 S. editions saint-paul.
ISBN 978-2-87963-694-8
, S. 119
- ↑
Geleeentlech fennt een och d'Schreifweis
Werweke
.
- ↑
"Melanie Planchard kritt Bourse Auguste van Werveke-Hanno."
RTL.lu - 14.02.2013, 08:47 | Fir d'lescht aktualiseiert: 14.02.2013, 08:53.