Den
Auguste
Marie Louis Nicolas
Lumiere
, gebuer den
19. Oktober
1862
zu
Besancon
a gestuerwen den
10. Abrell
1954
zu
Lyon
, war e
franseischen
Erfinder an Entreprener. Mat sengem
Brudder Louis
huet hien de
Cinematograph
entweckelt, en Apparat, deen als
Kamera
an als
Projekter
benotzt konnt ginn, an deen de
Kino
ermeiglecht huet. Dem Auguste Lumiere sain Haaptintressi louch awer an der
biomedezinescher
Fuerschung.
No sengem Militardengscht huet den Auguste Lumiere sengem Papp, dee Fotograf war, gehollef, eng Firma opzebauen, fir Fotoplacken a -pabeier ze produzeieren, d'
Societe Anonyme des Plaques et Papiers Photographiques Antoine Lumiere et ses Fils
, kuerz
Societe Lumiere
.
Nom
Eischte Weltkrich
huet den Auguste Lumiere d'Firma verlooss an d'
Laboratoires Lumiere
gegrennt, e biomedezinesche Fuerschungszentrum a Pharma-Entreprise.
D'Erfindung vum Cinematograph schengt fir de Lumiere eischter niewesachelech gewiescht ze sinn, a senge Memoire steet erstuanlech weineg driwwer.
- Auguste Lumiere:
Mes travaux et mes jours
. La Colombe, Paris 1953.