한국   대만   중국   일본 
Atlantis (Raumfar) ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Atlantis (Raumfar)

Vu Wikipedia
Atlantis-Fandel
Kuerz nom Start vun Atlantis ( STS-27 )
Landung vun der Atlantis mat Bremsschierm .
D'Raumfar Atlantis an der Ausstellung vum Kennedy Space Center Visitor Complex

D' Raumfar Atlantis ass e Space Shuttle vun der NASA . Si gouf nom eischten amerikaneschen ozeanografesche Fuerschungsscheff Atlantis genannt. Am Abrell 1984 war se faerdeg fir den Asaz an hat hiren eischte Fluch am Oktober 1985 ( STS-51-J ). Dei intern Bezeechnung vum Orbiter heescht OV-104 . Hir lescht Missioun goung den 21. Juli 2011 op en Enn.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Vun 1995 bis 1997 gouf d'Atlantis nemme fir d'Flich op d'russesch Raumstatioun Mir am Kader vum Shuttle-Mir-Programm agesat, woufir si mat engem Kopplungsadapter vu russescher Bauaart ausstaffeiert gouf.

Den 8. Juli 2011 war hiren 33. a leschte Start. Si huet Proviant, Material an Technik fir Experimenter op d' ISS transporteiert an huet de Logistikmodul Raffaello zereck op d'Aerd bruecht. Den 21. Juli 2011 punktlech um 11.57 MESZ huet si secher op der Landebunn 15 vum Kennedy Space Center a Florida opgesat. [1] Hir Landung war d'Enn vun der Ara "Shuttleflich". De Programm huet zum Schluss ronn 775 Milliounen Dollar pro Missioun kascht. [2]

Nom Enn vum amerikanesche Shuttle-Programm gouf d'Raumfar als Museumssteck am Besuchszentrum vum Kennedy Space Center a Florida ausgestallt.

Am Ganze war d'Atlantis an hire 25 Dengschtjoer mei wei 193 Millioune Kilometer geflunn.

Konstruktioun [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Atlantis hat vun den Erfarunge profiteiert, dei beim Bau an Teste vun der Enterprise , Columbia a Challenger gemaach goufen. Wei se faerdeg war huet se ronn 3.200 Kilogramm manner wei d'Columbia gewien. Och beim Bau vum Shuttle goufen d'Aarbechtsstonnen em 49,5 Prozent gekierzt (am Verglach zu Columbia). Dat ass virun allem op de Gebrauch vun Hetzscheld -Decken um ieweschten Deel vum Orbiter amplaz vu klenge Kachelen zereckzefeieren.

Warend der Konstruktioun vun der Discovery an der Atlantis hat sech d'NASA dozou entschloss, "strukturell Ersatzdeeler" fabrizeieren ze loossen, fir d'Reparatur am Fall vun engem Onfall z'erliichteren. De Kontrakt hat am Ganzen e Waert vun 389 Milliounen Dollar a bestoung aus Ersatzdeeler fir den henneschten an de mettlere Kierper, souwei viischt Kierperdeeler, vertikal Rudderen, Flilleken a Klappen. D'Ersatzdeeler goufe speider fir d' Endeavour benotzt.

Tescht November 1997 a Juli 1999 goufen zu Palmdale a Kalifornien, vill Verbesserungen an Upassungen un der Atlantis gemaach. Enner anerem gouf den Orbiter mat engem Bremsschierm an engem gliesene Cockpit emgeannert, et goufen och nei Reier a Verkabelungen installeiert an iwwer 800 Hetzschutzkachelen an -decken ersat.

Missiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

Nr. Start Bezeechnung Logo Crew
1 3. Oktober 1985 STS-51-J Logo vun STS-51-J Karol Bobko , Ronald Grabe , David Hilmers , Robert Stewart , William Pailes
2 27. November 1985 STS-61-B Logo vun STS-61-B Brewster Shaw , Bryan O'Connor , Mary Cleave , Sherwood Spring , Jerry Ross , Rodolfo Neri Vela , Charles Walker
3 2. Dezember 1988 STS-27 Logo vun STS-27 Robert Gibson , Guy Gardner , Richard Mullane , Jerry Ross , William Shepherd
4 4. Mee 1989 STS-30 Logo vun STS-30 David Walker , Ronald Grabe , Norman Thagard , Mary Cleave , Mark Lee
5 18. Oktober 1989 STS-34 Logo vun STS-34 Donald Williams , Michael McCulley , Franklin Chang-Diaz , Shannon Lucid , Ellen Baker
6 28. Februar 1990 STS-36 Logo vun STS-36 John Creighton , John Casper , Richard Mullane , David Hilmers , Pierre Thuot
7 15. November 1990 STS-38 Logo vun STS-38 Richard Covey , Frank Culbertson , Robert Springer , Carl Meade , Charles Gemar
8 5. Abrell 1991 STS-37 Logo vun STS-37 Steven Nagel , Kenneth Cameron , Jerry Ross , Jerome Apt , Linda Godwin
9 2. August 1991 STS-43 Logo vun STS-43 John Blaha , Michael Baker , Shannon Lucid , James Adamson , David Low
10 24. November 1991 STS-44 Logo vun STS-44 Frederick Gregory , Terence Henricks , Story Musgrave , Mario Runco , James Voss , Thomas Hennen
11 24. Maerz 1992 STS-45 Logo vun STS-45 Charles Bolden , Brian Duffy , Kathryn Sullivan , David Leestma , Michael Foale , Byron Lichtenberg , Dirk Frimout
12 31. Juli 1992 STS-46 Logo vun STS-46 Loren Shriver , Andrew Allen , Claude Nicollier , Jeffrey Hoffman , Franklin Chang-Diaz , Marsha Ivins , Franco Malerba
13 3. November 1994 STS-66 Logo vun STS-66 Donald McMonagle , Curtis Brown , Ellen Ochoa , Scott Parazynski , Joseph Tanner , Jean-Francois Clervoy
14 27. Juni 1995 STS-71 Logo vun STS-71 Robert Gibson , Charles Precourt , Ellen Baker , Bonnie Dunbar , Gregory Harbaugh
15 12. November 1995 STS-74 Logo vun STS-74 Kenneth Cameron , James Halsell , Jerry Ross , William S. McArthur , Chris Hadfield
16 22. Maerz 1996 STS-76 Logo vun STS-76 Kevin Chilton , Richard Searfoss , Ronald Sega , Michael Clifford , Linda Godwin
17 16. September 1996 STS-79 Logo vun STS-79 William Readdy , Terrence Wilcutt , Thomas Akers , Jerome Apt , Carl Walz
18 12. Januar 1997 STS-81 Logo vun STS-81 Michael Baker , Brent Jett , John Grunsfeld , Marsha Ivins , Peter Wisoff
19 15. Mee 1997 STS-84 Logo vun STS-84 Charles Precourt , Eileen Collins , Carlos Noriega , Edward Lu , Jean-Francois Clervoy , Jelena Kondakowa
20 26. September 1997 STS-86 Logo vun STS-86 James Wetherbee , Michael Bloomfield , Wladimir Titow , Scott Parazynski , Jean-Loup Chretien , Wendy Lawrence
21 19. Mee 2000 STS-101 Logo vun STS-101 James Halsell , Scott Horowitz , Jeffrey Williams , Susan Helms , James Voss , Mary Weber , Juri Ussatschow
22 8. September 2000 STS-106 Logo vun STS-106 Terence Wilcutt , Scott Altman , Daniel Burbank , Edward Lu , Juri Malentschenko , Richard Mastracchio , Boris Morukow
23 7. Februar 2001 STS-98 Logo vun STS-98 Kenneth Cockrell , Mark Polansky , Robert Curbeam , Marsha Ivins , Thomas Jones
24 12. Juli 2001 STS-104 Logo vun STS-104 Steven Lindsey , Charles Hobaugh , Michael Gernhardt , James Reilly , Janet Kavandi
25 8. Abrell 2002 STS-110 Logo vun STS-110 Michael Bloomfield , Stephen Frick , Jerry Ross , Steven Smith , Ellen Ochoa , Lee Morin , Rex Walheim
26 7. Oktober 2002 STS-112 Logo vun STS-112 Jeffrey Ashby , Pamela Melroy , Fjodor Jurtschichin , Sandra Magnus , Piers Sellers , David Wolf
27 9. September 2006 STS-115 Logo vun STS-115 Brent Jett , Christopher Ferguson , Steven MacLean , Daniel Burbank , Joseph Tanner , Heidemarie Stefanyshyn-Piper
28 8. Juni 2007 STS-117 Logo vun STS-117 Frederick Sturckow , Lee Archambault , James Reilly , John Olivas , Patrick Forrester , Steven Swanson
29 7. Februar 2008 STS-122 Logo vun STS-122 Stephen Frick , Alan Poindexter , Stanley Love , Rex Walheim , Leland Melvin , Hans Schlegel
30 11. Mee 2009 STS-125 Logo vun STS-125 Scott Altman , Gregory C. Johnson , John Grunsfeld , Michael Massimino , Andrew Feustel , Michael Good , Megan McArthur
31 16. November 2009 STS-129 Logo vun STS-129 Charlie Hobaugh , Barry Wilmore , Robert Satcher , Michael Foreman , Randolph Bresnik , Leland Melvin
32 14. Mee 2010 STS-132 Logo vun STS-132 Kenneth Ham , Tony Antonelli , Michael Good , Piers Sellers , Stephen Bowen , Garrett Reisman
33 8. Juli 2011 STS-135 Logo vun STS-135 Christopher Ferguson , Douglas Hurley , Sandra Magnus , Rex Walheim

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Space Shuttle Atlantis ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Telepolis: E Steck Addi vun der staatlecher Raumfaart 9. Juli 2011, Gekuckt den 10. Juli 2011
  2. spiegel.de 8. Juli 2011