D'
Astrometrie
(
Staremiessung
) ass de
geometreschen
Deelberaich vun der
Astronomie
an domat d'Geigesteck zu der
Astrophysik
. Si emfaasst d'Miessung an d'Berechnung vu Starepositiounen, de sougenannte
Stareplazen
an hir Beweegungen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Himmelsmechanik
.
Bis zum Afeiere vun der
Astrophysik
, dei em
1850
no der Erfindung vun der Spektroskopie koum, hunn d'Astrometrie an d'
Spharesch Astronomie
de Groussdeel vun der ganzer Astronomie ausgemaach.
D'Astrometrie ass d'Wessenschaft vum
geometreschen Opbau vum
Universum
(Plaz, Beweegung an Distanz vun Himmelskierper) oder d'
Vermiessung vum
Himmel
. Glaichzaiteg ass se eng Koordinategrondlag fir d'
Geodesie
- also d'Vermiessung vun der
Aerd
.
Konkreet betruecht, bedeit d'Astrometrie haut:
Dei wichtegst Institutioun fir dei Aspekter ass d'
Astronomescht Recheninstitut
zu
Heidelberg
. Et bedreift Astrometrie,
Stellardynamik
an astronomesch Dengschtleeschtungen a Form vun
Ephemeriden
a
Joerbicher
, Kalennergrondlagen a
Bibliographien
.
Bis zum Opkomme vun der Astrophysik no 1850 ? virun allem duerch d'
Spektralanalys
an d'
Astrofotografie
- war d'Astrometrie glaichbedeitend mat
Astronomie
iwwerhaapt. Ereischt am 20.Joerhonnert ass ugefaange gi vun Astrometrie oder
Positiounsastronomie
ze schwatzen ? am Geigesaz zu der
Astrophysik
, dei vun 1950 un, d'Astronomie domineiert huet.
Zanter der Entwecklung vun
elektro-optesche
Sensore wei
CCD
, vun Astrometriesatellitte wei den
Hipparchos
an d'
VLBI
-Interferometrie erlieft d'Astrometrie eng Renaissance. Hir Verbindungen zu der
Geodesie
gi mei staark, an d'Bedeitung vun heichprezise
Koordinatesystemer
helt zou. International Aufgabe wei Monitoring vun der
Aerdrotatioun
mat
Radioastronomie
a
GPS
, Raumfaart- a Satellitteprojete wei
Galileo
oder GAIA ginn
interdisziplinar
a gi jonken
Astronomen
nei Beruffschancen. An der Definitioun vun
Zaitsystemer
mussen Astronome mat
Physik
a weideren 3-4 Disziplinne koopereieren.
Den
2-D
-Deel
vun der Astrometrie zielt zu der
spharescher Astronomie
a beschaftegt sech nemme mat der
Afalls
richtung
vu
Liichtquellen
aus dem
Weltraum
- theoreetesch, miesstechnesch, am Zesummenhank mat Koordinatesystemer a fir verschidde Korrekture vun der
visueller
Richtung vun Himmelsobjeten (
Planeiten
,
Staren
,
Galaxien
) op hir
richteg Richtung
.
Draidimensional
ginn d'
Stareplazen
duerch d'Miessung vu
Parallaxen
, de visuelle Verreckelungen dei all Joer optrieden, dei vu geigeniwwerleiende Punkte vun der
Aerdbunn
festzestelle sinn. Doraus kenne Starendistanze bis zu 100
Liichtjoer
ofgeleet ginn, mat HIPPARCOS- an anere Methoden nach wait driwwer eraus.
4-D
keint een d'
Stellardynamik
nennen, dei sech op
Eegebeweegunge
stetzt. Dei gett berechent aus geneee
Stareplaze
vun
Epochen
dei wait ausernee leien. Hir Erganzung zum raimleche Vitessvektor ergett d'
Radialvitess
, e Resultat vun der
Spektralanalys
a sou den Iwwergank zu der
Astrophysik
. D'selwecht ass et bei den Distanzbestemmunge mat Hellef vun der
Photometrie
.
D'Dynamik vu waiten Objete gett emsou mei astro
physikalesch
erfuerscht, wat se mei wait ewech sinn. Des Grenz gett awer duerch d'
Raumfaart
an d'Astrometriesatellitte stanneg vergreissert.
Portal Astronomie
- Julius Redlich: Ein Blick in das allgemeinste Begriffsnetz der Astrometrie. Verlag Beyer, Langensalza 1907.
- Rudolf Sigl
: Geodatische Astronomie. Verlag Wichmann, 3.uberarb. Auflage, 300 p.,
ISBN 3-87907-190-X
, Heidelberg 1991.
- P.Brosche,
H.Schuh
: Neue Entwicklungen in der Astrometrie und ihre Bedeutung fur die Geodasie.
ZfV
Jg.124, p. 343-350, Stuttgart 1999.