Haaptasteroidenceinture

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Asteroidenceinture )
Objetverdeelung an der Haaptasteroidenceinture.

An der Haaptasteroidenceinture , och Planetoidenceinture oder Haaptceinture , sinn Asteroiden oder Klengplaneiten tescht de Bunne vu Mars a Jupiter . Dei meescht Asteroiden oder Planetoiden an eisem Sonnesystem sinn an desem Beraich ze fannen. Den totale Beraich vun den eenzelen Emlafbunne gett haut mat ongefeier 2,0 bis 3,4  AE uginn.

Entdeckung [ anneren | Quelltext anneren ]

Opgrond vun der als Titius-Bode-Rei bekannter empirescher Formel, dei der Uerdnung vun de bis dohi bekannte Planeiten entsprach huet, gouf geint Enn vum 18. Joerhonnert mat der systematescher Sich no Planeiten ugefaangen, dei et der Formel no misst ginn, awer bis dohin nach net entdeckt goufen.

Mat der Entdeckung vum Zwergplaneit (1) Ceres den 1. Januar 1801 huet de Giuseppe Piazzi gemengt, de gesichte Planeit fonnt ze hunn. An de Joren duerno sinn awer emmer erem weider Entdeckungen derbaikomm.

Schonn am Joer 1802 huet den Heinrich Wilhelm Olbers mat (2) Pallas een zweeten Objet entdeckt, deen d'Sonn tescht Mars a Jupiter emkreest. Et kommen d'Entdeckunge vum (3) Juno  ( 1804 ), (4) Vesta  ( 1807 ) an no 38 Joer Paus dee vun (5) Astraea  ( 1845 ). Obwuel e glaich erkannt huet, datt all entdeckt Objeten, dei d'Sonn tescht Mars a Jupiter emkreesen, em Greissenuerdnunge mei kleng wei deo klassesch Planeite waren, goufe si deemools als vollwerteg Planeite betruecht. Sou koum et, datt de Neptun bei senger Entdeckung am Joer 1846 als draizengte Planeit gezielt gouf.

Mat der Entdeckung vum (6) Hebe am Joer 1847 huet allerdengs eng richteg Well vun Neientdeckunge vun Asteroiden ugefaangen. Dofir gouf op Virschlag vum Alexander von Humboldt am Joer 1851 d'Zuel vun de (grousse) Planeiten op aacht begrenzt an dei nei Objetsklass vun den Asteroiden geschaf.

Bis 1890 huet ee schonn 300 Asteroiden an deser ?Planeiteluck“ kannt ? bis haut sinn et der iwwer 100.000 Objeten; dorenner och souer, dei, wei am Fall vum (243) Ida an dem Begleeders Dactyl , souguer en eegene klenge Mound hunn.

Well de greissten Asteroid Ceres eng bal kugelfermeg Form an e planeitenanlechen Opbau huet, gouf hien de 24. August 2006 vun der IAU zu der neier Objetklass vun den Zwergplaneiten heichgestuft. Den 1930 entdeckten Pluto dogeint gouf weinst senger klenger Greisst a senger Existenz am Verglach mat ohnlechen Objeten a senger Emlafbunn vum nengte Planeit zum Zwergplaneit degradeiert.

Et gett haut allgemeng ugeholl, datt d'Haaptasteroidenceinture glaichzaiteg mat dem restleche Sonnesystem aus engem prasolaren Urniwwel ofstaamt an opgrond vun der Awierkung vum Jupiter net zu engem Planeit zesummewuesse konnt. Eng an der Vergaangenheet popular Thees, no dar et zu enger Kollissioun tescht engem klenge Planeit an engem Asteroid koum, gett haut net mei vertrueden.

Objeten [ anneren | Quelltext anneren ]

Verdeelung vun den Asteroidebunnhallefachsen an der Haaptceinture. D'Feiler markeieren d'Distanzen, an deenen Objeten an enger Bunnresonanz mam Jupiter sinn, woubai dei eischt Ziffer d'Zuel vun den Asteroidenemleef ugett.

[[Fichier:Main belt i vs a.png|thumb|300px|Diagramm an deem d'Langt vun de Bunnhallefachse vun den Asteroide geint hir [[Inklinatioun (Astronomie)| Bunnschrei ofgedroe gett; rout: Objet vun der Haaptceinture, blo: aner Asteroidegruppen]] Et handelt sech bei den Asteroiden em Objeten an der Greisst vu klengen, onreegelmeisseg geformte Batz bis zu den Zwergplaneiten an der Haaptceinture, de Ceres, deem sain Duerchmiesser mat ronn 945 Kilometer gutt e Veirel vum Duerchmiesser vun eisem Aerdmound huet, awer nemmen 1,6 Prozent vu senger Mass huet, wat der Relatioun teshent Aerdmound an Aerd nokennt. Bis op dat hellste Ceintureobjet Vesta sinn si vun der Aerd aus net mat dem bloussem A ze gesinn. D'Gesamtmass vun allen Asteroide vun der Haaptceinture ass ongefeier 5 Prozent dar vun eisem Aerdmound an ass domat knapps en Drettel vum Pluto , dat heescht, si erreecht nemmen d'Mass vum greissten Uranusmound Titania .

D'Zesummesetzung vun den Asteroiden ass net op der ganzer Haaptceinture glaich. Am banneschte Beraich (tescht 2,0 an 2,5 AE) domineieren hell Objete vun der Spektralklassen  E ( Albedo ~0,4) an S ( Albedo ~0,2), och d'V-Klass ass do ugesidelt. Et handelt sech dobai em silikatraich Objeten, dei am Laf vun hirer Geschicht deelweis oder och ganz ofgeschmolt goufen. Vun engem Ofstand vu ronn 2,5 AE domineieren dei donkel, kuelestoffhalteg Asteroide vun der Spektralklass C (Albedo ~0,05). Hir Zesummesetzung ennerscheet sech daitlech vun den Asteroiden am banneschte Beraich vun der Haaptceinture: Si si meiglecherweis eng Meschung vun Ais a Gestengs. Am baussenzege Beraich vun der Haaptasteroidenceinture trieden da mei Objete vun der Spektralklass D a P op. Dei glaichen zwar dem C-Typ, goufen awer an der Geschicht kaum nennenswaert erhetzt, sodatt op hirer Uewerflach nach Ais keint sinn.

Verdeelung [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Asteroiden tescht Mars a Jupiter sinn net glaichmeisseg verdeelt, well d' Gravitatioun vum Planeit Jupiter ? hien huet ronn 70 Prozent vun der Gesamtmass vun de Planeiten an eisem Sonnesystem ? Bunnsteierungen ausleist.

Opfalleg sinn dei 4:1 Resonanz bei 2,06 AE, dei d'Haaptceinture no banne begrenzt, d'Hestia-Lach (3:1), dei 5:2 Resonanz-Zon an d'Hecuba-Lach (2:1), dei d'baussenzeg Grenze vun der Haaptceinture bei 3,3 AE mecht. Tescht der 4:1 a 2:1 Resonanz ass dei greisst Zuel vun Objeten tescht Mars- a Jupiterbunn, ausserdeem hu si verhaltnesmeisseg kleng Bunnschreien . Baussenzeg vun dar Haaptceinture leie vereenzelt kleng Asteroidegruppen, dei sech a Resonanzberaicher usammelen, dei ee stabiliseierenden Effekt op hiren Emlafbunnen ausmaachen.

Emgeigend vun der Haaptceinture (Distanzen an AE):

D'Beraicher vun den Haaptceintureasteroide si rout duergestallt, dei vun de klengen Asteroidegruppe si blo.

Asteroidegruppen op der Haaptceinture [ anneren | Quelltext anneren ]

Diagramm an deem d'Langt vun de Bunnhallefachse vun Haaptceinture-Asteroide geint hir Bunnschrei agedroen ass. Asteroidefamille maache sech als signifikant Keip bemierkbar.

Gruppe vun Asteroiden, dei dei selwecht Bunnelementer, wei d'Langt vun der Hallefachs , Bunnschrei oder Exzentriziteit hunn an eng Zesummesetzung hunn dei sech glaicht, ginn als Asteroidefamill bezeechent. D'Famillen entstinn duerch d'Kollisioun vu groussen Objeten an et sinn d'Fragmenter dei dobai entstinn. Vill Planetoide vun der Haaptceinture loosse sech sou an neng grouss Gruppen andeelen, dei no deem fir d'eischt entdeckten Asteroid benannt sinn.

Bannenzeg Haaptceinture:

  • D' Flora-Famill ass eng relativ grouss Grupp vun Asteroide mat der S-Klass an der bannenzeger Ceinture (2,15 ? 2,35 AE). Hir Bunnen hunn eng Schreit vun 1,5° bis 8°. Ongefeier 4 ? 5 % vun allen Haaptceintureasteroide geheieren zu dar Grupp.
  • Zu der Vesta-Grupp geheiere Planetoide mat Bunnschreien tescht 5° an 8° op enger Distanz vun 2,25 bis 2,5 AE (baussenzeg vun der 7:2 Resonanz). Si geheiere meeschtens zur V-Klass. Ongefeier 6 % vun allen Haaptceintureasteroide geheieren zu deser Famill. De bekanntsten a greissten Objet ass d' Vesta .
  • D' Nysa -Grupp lait op bal der selwechter Distanz wei d'Vesta-Asteroiden, ma hir Objeten hu Bunnschreie vun nemmen 1° bis 5°. An hirer Geigend sinn och Objete vun der Massalia -Grupp. Dei Bunnen hunn eng Schreit vun nemmen 0 ? 2,5°.

Mettel Haaptceinture:

  • Eng weider grouss Grupp gouf nom Asteroid Eunomia genannt an erstreckt sech hanner dem Hestia-Lach mat Bunnhallefachsen tescht 2,5 an 2,8 AE. D'Objete geheiere meeschtens der S-Klass un an hu Bunnschreien tescht 11° a 16°. Mat iwwer 4.600 Objete geheiere ronn 5 % vun allen Haaptceintureasteroiden zu dar Famill.
  • D' Gefion -Famill lait op Distanzen tescht 2,7 an 2,8 AE. D'Bunnschrei vun den Objeten, dei meeschtens zu der S-Klass geheieren, ass 7,5° bis 10,5°. An der Grupp lait d'Bunn vum Zwergplaneit Ceres , deen awer net zu dar Famill geheiert, well sech seng Zesummesetzung daitlech vun den aneren Objeten ennerscheet.

Baussenzeg Haaptceinture:

  • D'Objete vun der Koronis -Grupp hu mei eng kleng Bunnschrei (0° ? 3,5°) a stellen den Haaptdeel vun den Asteroiden, dei op enger Distanz vun 2,8 bis 2,95 AE stinn, a gi vun den Zonen, op deenen eng 5:2 respektiv 7:3-Resonanz zu Jupiter ass, begrenzt. De bekanntsten Objet vun der Famill ass den Asteroid (243) Ida .
  • D' Eos -Grupp lait op enger Distanz vun 2,99 ? 3,03 AE an huet Bunnschreien tescht 8° an 12°.
  • D' Themis -Famill huet Asteroide mat Bunnhallefachsen am Beraich vun 3,08 an 3,24 AE a Bunnschreie mat manner wei 3°.
  • Zu der Hygiea -Grupp zielt zirka 1 % vun der Haaptceinture. Si sinn op anlechen Distanze wei d'Asteroide vun der Themis-Grupp, hunn allerdengs mei eng heich Bunnschrei (4° ? 6°). Dei meescht Objete si vun der B- an C-Klass.

Aner Virkommen [ anneren | Quelltext anneren ]

Ronn zeng Prozent vun de bekannten Asteroide lafen net op Bunnen tescht Mars a Jupiter.

  • Bannent der Marsbunn beweege sech d' Amor -, d' Apollo - an d' Aten-Asteroiden .
  • Op de Bunne vun de Planeite Mars, Jupiter a Neptun lafen d'Asteroiden em d'Sonn, dei als Trojaner bezeechent ginn.
  • Dei Sait vum Neptun beweege sech Transneptune souwei Objete vun der Kuiperceinture (KBO - Kuiper Belt Objects ). An deem Beraich gi mei Objeten ugeholl wei an der Haaptceinture, opgrond vun de mei groussen Distanze si s'awer mei schweier nozeweisen. Ausserdeem sinn enner den Transneptunen och e puer Objeten, dei en Duerchmiesser vun iwwer 1000 km hunn, an domat dei greisst Asteroiden an der Haaptceinture iwwertreffen.

Eng weider Asteroidenceinture, d' Vulcanoiden , ass bannenzeg vun der Merkurbunn z'erwaarden, konnten awer bis elo weinst der heller Noperschaft vun der Sonn net nogewise ginn.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Haaptceinture ? Biller, Videoen oder Audiodateien