De reimeschen
Historiker
Appianus
koum vun
Alexandria
an
Egypten
an huet am
2. Joerhonnert
no Christus gelieft. Genee Datumer iwwer sai Liewe sinn eis net bekannt, ma et gett ugeholl datt hie speitstens zur Zait vum reimesche Keeser
Trajan
op d'Welt koum.
Den Appianus huet zur reimescher Uewerschicht geheiert. Hien hat d'reimescht Biergerrecht a war e
Procurator Augusti
.
Am Alter huet den Appianus sai Geschichtswierk
Rhomaika
(Reimesch Geschicht) a 24 Bann op
Griichesch
geschriwwen. Dest gett op d'Mett vum 2. Joerhonnert dateiert. D'Wierk handelt vun de reimesche Kricher vum Ufank u bis zum Enn vun der
Republik
. Dat besonnescht u sengem Wierk ass, datt d'Kricher
geographesch
zorteiert sinn, e System un deem sech de
Prokop
inspireiert huet. Vu sengem Wierk erhale sinn d'
Proomium
(Einleitung), fir e groussen Deel d'Bicher 6 bis 9 (Kricher a
Spuenien
, geint den
Hannibal
an an
Afrika
) an d'Bicher 11-17 (Kricher a
Griicheland
,
Syrien
, geint de
Mithridates
vu
Pontos
an d'
Bellum Civile
(Biergerkrich) zanter de
Gracchen
).
D'Fuerschermeenung iwwer den Appianus ass problematesch. Zimmlech secher huet hie mei wei een Auteur als Quell benotzt, ma dei Quelle sinn net emmer secher. Den Appianus schreift deelweis mei wei e Schreftsteller an ass der Chronologie och net emmer trei. Seng Vue vu
Roum
ass z'erklare well am 2. Joerhonnert d'
Reimescht Raich
quasi op sengem Heichpunkt ukomm war, an d'Grenze stabil waren. Fir verschidden Epochen, zum Beispill d'Biergerkricher, ass sai Wierk eent vun de wichtegste vun dar Zait.
- Appianus,
Romische Geschichte
, ersg. vum Otto Veh, 2 Bann, Stuttgart 1987-89
- Appians Abriss der Seleukidengeschichte (Syriake)
, ersg. vum Kai Brodersen, Munchen 1991.
- Martin Hose,
Erneuerung der Vergangenheit. Die Historiker im Imperium Romanum von Florus bis Cassius Dio
, Stuttgart 1994.
|
Reimescht Raich
? All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Reimescht Raich.
|