D'
Annette Schwall-Lacroix
, gebuer de
16. Juli
1927
an der
Stad Letzebuerg
, gestuerwen de
17. Maerz
2013
[1]
, war eng
letzebuergesch
Juristin an Affekotin.
Der Annette Schwall-Lacroix hire Grousspapp war de
Leandre Lacroix
. Si war mam Jurist a Riichter
Georges Schwall
bestuet.
Si huet nom
Krich
zu Letzebuerg a Parais
Droit
studeiert a gouf Affekotin. Mat anere Juristinnen huet si sech dofir agesat, datt d'Fraen zu Letzebuerg virum Gesetz net mei als onmendeg sollte gellen, wa se
bestuet
wieren: Bis d'Enn vun den 1960er Joren hu bestuete Fraen z. B. d'Autorisatioun vun hirem Mann gebraucht, fir kennen e
Bankkonto
opzemaachen oder schaffen ze goen, an de Mann konnt, wann e wollt, hir Pai anzeien.
[2]
Op hiren Afloss hi gouf d'Gesetz iwwer d'Bestietnes ufanks der 1970er Joren ofgeannert.
Den 21. Juli
1975
gouf d'Annette Schwall-Lacroix, als eischt Fra, als Member vum
Letzebuerger Staatsrot
nomineiert. Si huet dat Amt bis de 16. Juli 1999 ausgefeiert, wei si d'Altersgrenz erreecht huet.
[3]
D'Annette Schwall-Lacroix war Matgrennerin vun der
Federation nationale des femmes luxembourgeoises
a Member vun der
Federation luxembourgeoise des femmes universitaires
, dei s'am
Conseil national des femmes
vertrueden huet.
Si war ausserdeem Presidentin vum
Cercle des amis de Colpach
.
[2]
An dar Funktioun war si och an der Jury vun der eischter Editioun vum
Prix Emile et Aline Mayrisch
.
2008 gouf si mam
Prix Anne Beffort
vun der Stad Letzebuerg ausgezeechent.
[2]
De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decideiert, eng nei Strooss zu Marel no hir ze nennen.
[4]
Och zu
Stengefort
gett et eng Strooss dei no hir benannt ass.
[5]
- Romain Durlet
,
Portrat einer aussergewohnlichen Frau - Annette Schwall-Lacroix: Vorkampferin fur Frauenrechte
; in: Tageblatt, Ausgab vum 5. Maerz 2009 (Nr. 54).
- Luxemburger Wort
Nr. 67 vum 20. Maerz 2013: S. 4:
Annette Schwall-Lacroix †
a S. 67:
Doudesannonce
- ↑
Roger Infalt, "Vorkampferin fur Frauenrechte"; in: Tageblatt, Ausgab vum 19. Maerz 2013
- ↑
2,0
2,1
2,2
"Annette Schwall-Lacroix erhalt Prix Anne Beffort"
op CID Femmes.
- ↑
Lescht vun de Membere vum Staatsrot op der Websait vum Staatsrot
- ↑
op archives-vdl.findbuch.net
- ↑
Steinfort: Rue Annette Schwall-Lacroix
.
map.geoportail.lu
. Gekuckt de(n) 2020-07-16.
- ↑
Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lescht vun de Leit dei 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn