D'
Anne vu Beimen
(oder
vu Letzebuerg
)
LG
, gebuer den
11. Mee
1366
zu
Prag
a gestuerwen de
7. Juni
1394
zu Sheen (haute en Deel vu London), war dei eischt Fra vum Kinnek
Richard II. vun England
. Aus dem Bestietnes gouf et keng Kanner.
D'Anne war dei eelst Duechter vum reimisch-daitsche Keeser
Karl IV.
mat senger veierter Fra, der
Elisabeth vu Pommern
, d'Schwester vum speidere Keeser
Sigismund
an d'Hallefschwester vum Kinnek
Wenzel vu Beimen
.
Den 20. Januar 1382 huet si an der
Westminster Abbey
den englesche Kinnek
Richard II.
bestuet. Si hat 16, hie 15 Joer. Hiert Bestietnes gett vun alle Biographen als e glecklecht beschriwwen. Wei d'Anne un der
Pescht
gestuerwen ass, gouf de Richard "well vun Trauer" an huet d'Residenz zu Sheen, an dar se gestuerwen ass, ofrappe gelooss.