Anne Beffort

Vu Wikipedia
Anne Beffort
Gebuer 4. Juli 1880
Eech
Gestuerwen 20. Juli 1966
Davos
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Enseignant, Schreftsteller
D'Graf vun der Anne Beffort um Kierfecht um Fetschenhaff

D' Anne Beffort , gebuer de 4. Juli 1880 am Neiduerf an der deemoleger Gemeng Eech , a gestuerwen den 20. Juli 1966 zu Davos an der Schwaiz , war eng letzebuergesch Enseignante an Autorin.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Anne Beffort war eent vun eelef [1] Kanner, hire Papp war Gaertner. No der Mettelschoul an der Sainte-Sophie ass si an d' Leierinneschoul gaangen a war vun 1900 bis 1904 Schouljoffer zu Riedgen . Si goung dunn op d' Westfalesch Wilhelms-Universtiteit zu Munster an op d' Sorbonne franseisch Literatur studeieren, wou si Schulerin vum Gustave Lanson war. 1909 war si mat der Marie Speyer dei eischt Letzebuergerin, dei en Doktertitel [2] krut.

1941 gouf d'Anne Beffort vun den Nazie vum Schouldengscht suspendeiert. Vun 1945 bis 1946 huet si nees Schoul gehalen.

Den Archiv vun der Anne Beffort gett am nationale Literaturzentrum enner der Nummer CNL L-0205 erhalen.

Engagement [ anneren | Quelltext anneren ]

Si war 1909 Matgrennerin vum Stater Meedercherslycee an dei eischt Lyceesprofessesch zu Letzebuerg.

Vun 1929 u war si Presidentin vun der Association amicale des anciennes eleves du Lycee de jeunes filles , e Verain dee si gehollef hat grennen.

D'Anne Beffort war eng engageiert Verfechterin vun der franseischer Sprooch a Literatur an huet sech agesat fir en Zesummereckele vun der franseischer an der letzebuergescher Kultur. Si war 1934 Grennungsmember vun der SELF , der Societe des ecrivains luxembourgeois de langue francaise [3] . Si war och Member vun den Amities francaises .

D'Anne Beffort war dei eischt Presidentin vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo a Vianden , dei 1937 gegrennt gi war, fir de Victor-Hugo-Musee [4] zu Veianen ze bedreiwen.

Bibliographie (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Beffort, Anna, 1908. Alexandre Soumet, sa vie et ses oeuvres . These Th. lett. Paris. 101 p. J. Beffort, Luxembourg.
  • Beffort, Anne, 1926. L'enfant dans l'oeuvre de Victor Hugo et particulierement dans ≪ Les miserables ≫ . In: Programme publie a la cloture de l'annee scolaire 1925-1926 / Lycee grand-ducal de Jeunes Filles de Luxembourg = Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1925-1926 / Grossherzogliches Madchenlyzeum zu Luxemburg. Linden & Hansen, Luxembourg. pp. 1?46.
  • Beffort, Anne, 1938. Les amis de Victor Hugo . In: Friedrich, Evy (Hrsg.) 1938. Oesling: Ardenner Heimatblatter Nr. 6: 50-51. Emile Schumacher & Cie., Diekirch.
  • Beffort, Anne, 1939. Au centenaire de notre independance. Luxemburger Lehrer-Zeitung Jg. 34, Nr. 4 u. 5, p. 97-100. Luxembourg.
  • Beffort, Anne, 1961. Souvenirs . Tome I: sans titre, 311 p. Tome II: Victor Hugo et nous. 215 p. Linden, Luxembourg.
  • Beffort, Anne, 1966. Marcel Noppeney, poete et martyr de Dachau . Les Pages de la S.E.L.F. XIII: 16-20. Luxembourg.

Eierungen a Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

No der Anne Beffort genannt [ anneren | Quelltext anneren ]

Aner Eierung [ anneren | Quelltext anneren ]

De 27. September 2010 huet d' Letzebuerger Post eng Serie vun drai Timbere mat letzebuergesche Perseinlechkeeten erausginn, dorenner ee vun 0,70 Euro mat engem Portrait vun der Anne Beffort [11] .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Luxroots.com.
  2. Cf. hir Dokterthees enner Beffort 1908 an der Literatur.
  3. D'SELF gouf den 8. Juli 1934 am Munnereffer Hotel Grand-Chef gegrennt.
  4. 1934 gouf enner der Leedung vum Marcel Noppeney e Comite gegrennt, fir de Cinquantenaire vum Doud vum Victor Hugo virzebereeden. Kuerz drop, den 8. Juli 1934, gouf d' SELF gegrennt, dei vum Marcel Noppeney presideiert gouf. Den 30. Juni 1935, exakt e Joer no der Nuecht vun de laange Messeren , goufen d'Victor Hugo-Haus an dem eminente franseischen Dichter Auguste Rodin sai Buste, e Kaddo vun der franseischer Regierung, a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte ageweit. Dei frankophil Aktiviteite sinn am historesche Kontext ze betruechten, datt eng Rei Leit wollten dem Faschismus eppes dogeintsetzen, an dat op der daitscher Grenz zu Veianen.
  5. (fr) CHRONIQUE LOCALE - Une distinction bien meritee . L'independance luxembourgeoise (10. Januar 1930). Gekuckt de(n) 2023-08-07.
  6. Le diplome de la Legion d'honneur d'Anne Beffort op der Websait cnl.lu
  7. (de) Journee Francaise in Esch-Alzette Der franzosische Nationalfeiertag in der Jubilaumsstadt . Luxemburger Wort . eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-07.
  8. Memorial A N° 13 vun 1951 mat der Lescht vun de Leit dei 1951 mam ordre de la couronne de chene ausgezeechent goufen Archiveiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-12.
  9. (fr) Doudesannonce vun der Anna Beffort . Luxemburger Wort . eluxemburgensia.lu (28. Juli 1966). Gekuckt de(n) 2023-08-07.
  10. Loi du 6 aout 2021 portant creation d'un lycee a Mersch . legilux.public.lu (06.08.2021). Gekuckt de(n) 13.08.2021.
  11. Den Timber mat der Anne Beffort op der Websait vu POST Luxembourg Archiveiert op 2016-08-23. Gekuckt de(n) 2014-10-25.