Den
Anibal Antonio Cavaco Silva
, gebuer de
5. Juli
1939
zu
Boliqueime
(
Loule
), ass e
portugisesche
Politiker a war vum Maerz 2006 bis de Maerz 2016 President vun der portugisescher Republik.
Den Anibal Cavaco Silva ass e studeierten Ekonomist. No sengem Studium gouf hie Member vun der sozialdemokratescher Partei (PSD) a war
1980
an
1981
Finanzminister am
Francisco Sa Carneiro
senger Regierung. 1985 gouf e President vun der PSD an huet kuerz drop d'Regierungskoaltitioun opgekennegt. Bei virgezunnenen Neiwale gouf d'PSD dei staerkst Partei. Hien huet eng Minoriteitsregierung op d'Been gesat, dei 1987 auserenee gebrach ass. Och do huet d'PSD d'Neiwale gewonnen, des Keier mat just genuch, fir eleng d'Majoriteit am Parlament ze hunn. De Cavaco blouf Premierminister. 1991 gouf seng Partei am Parlament, an hien a sengem Amt, confirmeiert. 1995 huet en net mei kandideiert; d'PDS huet 48 Parlamentssetzerr verluer.
1996 huet de Cavaco Silva eng eischt Keier fir d'Presidentewale kandideiert. Des goufen awer vum sozialistesche Buergermeeschter vu Lissabon,
Jorge Sampaio
, gewonnen. De Cavaco gouf Conseiller bei der
Banco de Portugal
an huet Coursen op der Kathoulescher Universiteit vu Portugal ginn.
2005 huet hie bekannt gemaach, hie wier Kandidat fir d'Presidentewalen. Den 22. Januar 2006 gouf e mat 50,6 % vun de Stemmen am eizschten Tour gewielt. E gouf den
9. Maerz
2006
vereedegt.
Bei de Presidentschaftswale vum 23. Januar 2011 gouf hien nees am eischten Tour eremgewielt.
- Cavaco Silva, Autobiografia politica