|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Baussegebitt vun den USA am Pazifik. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.
Samoa (Homonymie)
.
|
Plage am Nationalpark op Ofu
Amerikanesch Samoa
(
en:
American Samoa,
sm:
S?moa Amelika
) ass e Baussegebitt vun de
Vereenegte Staate vun Amerika
am
sudleche
Pazifik
. Et ass en Deel vun de
Samoainselen
a steisst am Sudosten un den onofhangege Staat
Samoa
. Dei flachemeisseg greisst Insel an dei mat de meeschten Awunner ass
Tutuila
, mam Haaptuert
Pago Pago
.
Warend dem
Zweete Weltkrich
krut Amerikanesch-Samoa an de Joren
1942
bis
1945
temporar eng mei grouss strateegesch Bedeitung fir d'USA, well de Bau vun engem Stetzpunkt fir d'
Marinn
an e
Fluchhafen
(
Pago Pago International Airport
) decideiert gouf.
Eng besonnesch kulturell Eegenschaft vun der ganzer Inselgrupp ass d'Nieftenee vum modernen amerikanesche Liewensstil mat de samoaneschen Traditiounen.
Amerikanesch Samoa ass de greissten US-Territoire sudlech vum
Equator
an erstreckt sech iwwer e puer
Vulkaninselen
an zwei kleng
Atollen
a
Polynesien
:
Wichteg Uertschaften, nieft der
Haaptstad
Pago Pago sinn
Tula Village
,
Amanave
,
Vaitogi
an
T?funa
.
Offiziell Sproochen op Amerikanesch Samoa sinn
Englesch
an
Samoanesch
, eng
polyneesesch Sprooch
dei vun 90,6 % als
Mammesprooch
geschwat gett.