D'
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
(
en.
:
Alliance of Liberals and Democrats for Europe Party
;
fr.:
Alliance des liberaux et des democrates pour l'Europe
;
de.
:
Allianz der Liberalen und Demokraten fur Europa
; kuerz
ALDE
) ass eng
politesch Partei op europaeschem Niveau
. Si setzt sech aus iwwer 50 europaesche
liberale
Parteien zesummen, dorenner der letzebuergescher
DP
, de brittesche
Liberal Democrats
an der daitscher
FDP
.
Si gouf de 26. Maerz 1976 zu
Stuttgart
als
Federatioun vu Liberalen an Demokratesche Parteien an Europa
gegrennt. 2004 gouf se dunn enner dem Numm
Europaesch Liberal, Demokratesch a Reformpartei
och als Europapartei gegrennt. Zenter dem 10. November 2012 huet si hiren aktuellen Numm.
Am
Europaparlament
ass d'ALDE-Partei zenter 2019 en Deel vun der
Fraktioun Erneier Europa
(
Renew Europe
), dei si zesumme mat der
Europaescher Demokratescher Partei
an aneren nationale Parteie bilt. 2019 hat dei Fraktioun hat am Juli 108 Deputeiert (14,38 %) am Europaparlament.
[1]
Nom
Brexit
, wei dei brittesch Deputeiert hire Setz am Parlament verluer hunn, waren et der 101.
- ↑
European Parliament: 2019 - 2024
(2. Juli 2019)