한국   대만   중국   일본 
Alice Munro ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Alice Munro

Vu Wikipedia
Alice Munro
Gebuertsnumm Alice Ann Laidlaw
Gebuer 10. Juli 1931
Gestuerwen 13. Mee 2024
Nationaliteit Kanada
Aktiviteit Schreftsteller , Dreibuchauteur , Romancier, Novellist, Journalist
Member vun American Academy of Arts and Sciences , Royal Society of Literature


D'Alice Munro , gebuer den 10. Juli 1931 als Alice Ann Laidlaw zu Wingham, Ontario , Kanada , ass eng kanadesch Schreftstellerin a Literaturnobelpraisdreierin , dar hiert Wierk mei wei 150 Kuerzgeschichten emfaasst. D'Alice Munro huet d'Struktur vun de Kuerzgeschichte revolutioneiert. D'Geschichten, dei sech duerch e sproochleche Faischleff auszeechnen, fanken dacks op enger onerwaarter Plaz un, duerno gett d'Erzielung chronologesch hannerzeg oder vijenzeg entweckelt [1] , [2] .

Mat hire Geschichte knappt d'Munro un dei angelsachseg Traditioun vun der Short Story un a gett dacks mat Anton Tschechow , engem russesche Meeschter vun dar Form, verglach. A Kanada an am engleschsproochege Raum ass d'Alice Munro eng Bestsellerautorin. Si gouf mat ville Praisser ausgezeechent, enner anerem 2009 mam Man Booker International Prize an 2013 mam Nobelprais fir Literatur [3] , [4] .

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Alice Munro ass als dat eelst vun drai Geseschter op enger Fuussefarm zu Wingham, tescht Toronto an Detroit , am Sude vun der Provenz Ontario op d'Welt komm. Wei si zeng Joer al war, krut hir Mamm eng rar Form vun der Parkinson-Krankheet .

Tescht 1949 an 1951 huet d'Munro mat enger Bourse Journalismus op der University of Western Ontario studeiert. Aus finanzielle Grenn huet si hire Studium awer ofgebrach.

Si huet dunn den James Munro bestuet an tescht 1953 an 1966 veier Kanner op d'Welt gesat. Dei zweet Duechter ass kuerz no der Gebuert gestuerwen. 1963 sinn d'Alice an den James Munro op Victoria op Vancouver Island op der kanadescher Westkust geplennert an hunn do eng Librairie opgemaach dei haut nach besteet.

1972 huet d'Alice Munro hire Mann verlooss a si ass 1976 mam Geograph Gerold Fremlin bestuet ginn. D'Koppel ass op Clinton (Ontario) geplennert. De Fremlin ass am Abrell 2013 gestuerwen.

Der Munro hir eelst Duechter, Sheila Munro , huet 2002 hir Kandheetserennerungen a Lives of Mothers & Daughters: Growing Up With Alice Munro publizeiert.

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

Tescht 1968 an 2012 huet d'Alice Munro 14 Kuerzgeschichtesammlunge publizeiert

Zousatzlech goufen op d'mannst des fennef Sammelbann publizeiert:

Verfilmungen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1983: Boys and Girls
  • 1994: Lives of Girls and Women
  • 2006: Away From Her

Praisser (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Governor General's Award for Fiction
    • 1968 fir Dance of Happy Shades
    • 1978 fir Who do you think you are
    • 1986 fir The Progress of Love
  • Trillium Book Award
    • 1990 fir Friend of My Youth
    • 1998 fir The Love of a Good Woman
  • Order of Ontario (1994)
  • Giller Prize
    • 1998 fir The Love of a Good Woman
    • 2004 fir Runaway
  • Rogers Writers' Trust Fiction Prize
    • 2004 fir Runaway
  • O. Henry Award
    • 2006 fir "Passion"
    • 2008 fir "What Do You Want To Know For?"
    • 2012 fir "Corrie"
  • Member vun der American Academy of Arts and Sciences (1997)
  • National Book Critics Circle Award for Fiction (1998), fir The Love of a Good Woman
  • Man-Booker-Prais fur international Literatur (2009)
  • Chevalier vum Ordre des arts et des lettres (2010)
  • Nobelprais fir Literatur (2013)

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Isla Duncan, Alice Munro's Narrative Art , Palgrave Macmillan, New York 2011. ISBN 978-0-230-33857-9, ebook ISBN 978-1-137-00068-2
  • Robert Thacker: Alice Munro: writing her lives; a biography. Emblem, McClelland & Stewart, Toronto, Ont. 2011, ISBN 978-0-7710-8510-9
  • Coral Ann Howells: Alice Munro. Manchester University Press, Manchester u. a. 2007, ISBN 978-0-7190-4559-2
  • The rest of the story. Critical essays on Alice Munro . Edited by Robert Thacker, ECW Press, Toronto, 1999, ISBN 1-55022-392-5
  • Louis K. MacKendrick, Some other reality: Alice Munro's Something I've been meaning to tell you. ECW Press, Toronto 1993, ISBN 1-55022-129-9
  • Walter Rintoul Martin: Alice Munro: paradox and parallel . Univ. of Alberta Pr., Edmonton, Alberta 1987

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Alice Munro ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Julie Bosmans: Alice Munro Wins Nobel Prize in Literature.
  2. Am Freijoer 2013 huet d'Lisa Dickler Awano et esou gesot: ?Her continual innovation in short-story structure has expanded our understanding of what the form can achieve.“ An Interview With Alice Munro, Lisa Dickler Awano, Virginia Quarterly Review .
  3. Nobelprize.org: The Nobel Prize in Literature 2013 , gekuckt den 19. Maerz 2017
  4. http://www.rtl.lu/kultur/476506.html Literatur-Nobelprais 2013 fir Kanadierin Alice Munro; gekuckt den 19. Maerz 2017
  5. 1980 ass dest Buch enner dem Titel The Beggar Maid. Stories of Flo & Rose an der Shortlist fir de Booker Prize for Fiction opgeholl ginn; eng grouss Ausnam, well et sech net em e Roman, ma em Kuerzgeschichte gehandelt huet
  6. Alan Cheuse, Dear Life , in: npr.org , 19.