Den
Ali Ruckert
, gebuer den
13. September
1954
zu
Deifferdeng
,
[1]
ass e
letzebuergesche
Politiker
a
Journalist
. Hie gouf
1995
Chefredakter vun der
Zeitung vum Letzebuerger Vollek
an
1999
President vun der
Kommunistescher Partei Letzebuerg (KPL)
.
Den Ali Ruckert huet sai Secondaire am
Lycee Hubert Clement
zu
Esch-Uelzecht
gemaach. Seng berufflech Karriar huet hien als Journalist an der
Zeitung vum Letzebuerger Vollek
, der Zeitung vun der KPL, ugefaangen. Vun
1978
bis
1980
war hien drai Joer Korrespondent vun der Zeitung zu
Moskau
an huet glaichzaiteg
Ekonomie
- a
Philosophiecoursen
op der Internationaler Lenin-Schoul beluecht.
[2]
Ier den Ali Ruckert President vun der KPL gouf, war hie Member vum Zentralkommitee a vum Exekutivkommitee vun der Partei.
Hie war vun 2011 bis 2023 Member vum Gemengerot vun
Deifferdeng
.
Den Ali Ruckert ass bestuet a Papp vun enger Duechter.
- Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil I: 1921-1946
, 176 Saiten, Letzebuerg, KPL, 2006
- Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil II: 1947-1954
, 176 Saiten, Letzebuerg, KPL, 2007
- Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil III: 1955-1960
, 176 Saiten, Letzebuerg, KPL, 2010
- ↑
Memorial C ? N°1832 vum 30. September 2006, S. 87895
- ↑
Laboulle, Luc: "Zum letzten Gefecht." in:
d'Letzebuerger Land
70. Jg. Nr.26, 30.06.2023, S.6.
- ↑
Aktiviteitsrapport vum Staatsministere vum Joer 2000 wou op de Saite 77 ff dei Leit ernimmt sinn dei den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn