Alfred Lamesch

Vu Wikipedia
Alfred Lamesch
Gebuer 19. Juli 1926
Gestuerwen 25. Januar 2010
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Dokter

Den Alfred Lamesch , gebuer den 19. Juli 1926 zu Dummeldeng [1] , gestuerwen de 25. Januar 2010 , [2] war e letzebuergesche Kannerchirurg. [3]

Kannerchirurg [ anneren | Quelltext anneren ]

Sain Dokteschdiplom krut den Alfred Lamesch de 26. November 1957. Seng Spezialformatioun als Chirurg huet hien zu Hamburg an zu Wurzburg gemaach, ier hie Chefassistent ff. an der Kannerchirurgie vun der Universiteit Zurich , an duerno chef de clinique chirurgicale infantile titulaire op der Universiteit vu Basel gouf. [3] Nodeem hien op Letzebuerg zereckkomm war, ass hien 1966 als Chirurg an d' Clinique Dr. Bohler agetrueden. [1] Vum 10. Juli 1967 un huet hien an enger eegener Praxis an der Stad praktizeiert. [3]

Nodeem 1976 de Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) opgaange war, huet hien do de Service vun der Kannerchirurgie opgebaut; vun 1978 u war hie fest beim CHL als Kannerchirurg ugestallt. Parallel dozou huet hien zu Treier vun 1972 bis 1980 de kannerchirurgesche Service vun der Kannerklinik St. Katharinen geleet. [1] [3]

Professer a Member vun Akademien [ anneren | Quelltext anneren ]

1983 ass hie Professer fir chirurgesch Pathologie op der Universiteit vu Breissel ( ULB ) ginn. [3]

Am Joer 1995 ass den Alfred Lamesch als membre etranger [4] an d' Academie royale de medecine de Belgique opheholl ginn. [5] De 27. Januar 2001 ass hie weinst dem Erreeche vun der Altersgrenz vu 75 Joer [4] membre honoraire etranger ginn. [6]

Den Alfred Lamesch, deen och Member vun der franseischer Academie de chirurgie war, ass 1990 am CHL an d'Pensioun gaangen, huet awer nach bis 1998 an der Clinique Bohler praktizeiert, [1] grad wei am Hopital Princesse Marie-Astrid vun Deifferdeng. [3]

Den Alfred Lamesch huet eng ganz Rei vu medizinesche Publikatioune verfaasst, dei beim Henri Kugener opgelescht sinn. [3] Hien huet sech och mat der Geschicht vun der Medezin beschaftegt a war ee vun deenen, dei gehollef hunn, de Seminaire d'histoire des sciences et de la medecine vum Centre universitaire an d'Liewen ze ruffen.

Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Durlet, R. , 2010. Zum Tod von Dr. Alfred Lamesch: nicht nur im klinischen Bereich einer der Besten. Tageblatt 2010, Nr. 30 (5. Februar), S. 26.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort 2010, Nr. 23 (28. Januar), S. 51.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 3,6 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militarischen Arzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 910-911.
  4. 4,0 4,1 cf. Statute vun der Academie royale de medecine de Belgique , Artikel 8. [1]
  5. Letzebuerger Journal, 6. Dezember 1995, S. 3 ( Neue Aufgabe fur Dr. Alfred Lamesch ).
  6. Academie royale de medecine de Belgique : Lamesch, Alfred Archiveiert de(n) 2011-08-25. Gekuckt de(n) 2011-12-09.
  7. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lescht vun de Leit dei 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn