D'
Alexandra Josephine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine vu Letzebuerg
, gebuer de
16. Februar
1991
an der
Maternite Grande-Duchesse Charlotte
zu
Letzebuerg
, ass Prinzessin vu Letzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma.
Si ass dat veiert Kand an eenzeg Duechter vum Groussherzog
Henri
a senger Fra, der Groussherzogin
Maria Teresa
. Si ass d'Giedel vum
Prenz Gabriel
.
D'Prinzessin Alexandra ass zanter 2009 Titulaire vum
Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau
.
Den 22. Abrell 2023 gouf si op der Gemeng vun der Stad Letzebuerg mam Fransous
Nicolas Bagory
bestuet, deen den
11. November
1988
an der Bretagne gebuer gouf. Eng Woch drop, den 29. Abrell hu si sech an der Kierch Saint-Trophyme zu
Bormes-les-Mimosas
bestuet
[1]
[2]
a Presenz vum traditionalistesche Beschof vu Frejus-Toulon, dem Monseigneur
Dominique Rey
[3]
, dee politesch dem
Rassemblement national
nosteet an dem
apostouleschen Nuntius
Franco Coppola
, deen d'Hochzaitsmass presideiert huet.
De 14. Mee 2024 koum der Koppel hiert eischt Kand, Victoire, zu Parais op d'Welt.
[4]
No der Primarschoul zu
Angelsbierg
huet si hire Secondaire zu Letzebuerg am
Lycee Vauban
gemaach wou se 2009 den Ofschlossdiplom krut.
Si huet duerno
Psychologie
a
Sozialwessenschaften
an den
USA
studeiert an duerno e
Philosophieofschloss
zu Parais gemaach, mam Schweierpunkt
Eethik
an
Anthropologie
. Si huet duerno hire Studium um
Trinity College
zu Dublin ofgeschloss.
Zanter 2017 huet Si e Master an interrelieise Studie vun der
Irish School of Ecumenics
mat enger Spezialisatioun an der Konfliktleisung.
D'Prinzessin Alexandra iwwerhelt e Patronage vun der
Letzebuerger Deiereschutzliga
an der
Letzebuerger Blannevereenegung
.
- ↑
Offiziell Fotoen an exklusive Video. D'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hu fir d'Zweet "Jo" gesot.
. rtl.lu (30.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.
- ↑
Prinzessin Alexandra und Prinz Nicolas. Die schonsten Bilder der kirchlichen Trauung - Ein Ruckblick.
. wort.lu (30.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.
- ↑
(fr)
Luc Caregari
,
Cour grand-ducale, L'eveque qui cree la controverse
. Reporter.lu [€] (11.5.2023). Gekuckt de(n) 11.5.2023.
- ↑
Luxemburger Wort vum 15. Mee 2024, S. 63: "Nachwuchs am Hof: Prinzessin Alexandras Baby ist da"