Aleksandar Vu?i?

Vu Wikipedia
Aleksandar Vu?i?
Gebuer 5. Maerz 1970
Belgrad
Nationaliteit Serbien
Aktiviteit Politiker , Affekot
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Aleksandar Vu?i? , gebuer de 5. Maerz 1970 zu Belgrad , ass e serbesche Politiker vun der nationalkonservativer Serbescher Fortschrettspartei ( Srpska Napredna Stranka ). Hie war vun 2014 bis 2017 Ministerpresident an ass zanterhier Staatspresident vu Serbien.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Vu?i? huet op der Universiteit Belgrad Droit studeiert. 1993 gouf e Member vun der Serbescher Radikaler Partei (SRS) an eng eischte Keier als Deputeierten an d' Serbesch Nationalversammlung gewielt. 1995 gouf e Generalsekretar vun der SRS. 1998 bis 2000 war hien an der Regierung vum Mirko Marjanovi? Informatiounsminister.

2004 huet hien 2008 zweemol geint Kandidate vun der Demokratska Stranka bei der Wiel zum Buergermeeschter vu Belgrad verluer. 2008 tqss de Vu?i? an d'Partei Srpska Napredna Stranka (SNS) iwwergewiesselt. De 27. Juli 2012 gouf en als Nofollger vum Ivica Da?i? Vize-Ministerpresident vu Serbien. Vum 27. Juli 2012 bis den 2. September 2013 war hie Verdeedegungsminister.

No de Parlamentswale vum Maerz 2014, bei deene seng Partei als dei staerkst ervirgoung, gouf de Vu?i? zum Premierminister ernannt. Hie blouft an dar Fonctioun bis Abrell 2017.

2017 huet hie bei de Wale fir de Staatspresident kandideiert a gouf den 2. Abrell am eischten Tour gewielt. Bei de Presidentschaftswale vum 3. Abrell 2022 gouf hien eremgewielt.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Aleksandar Vu?i? ? Biller, Videoen oder Audiodateien