D'
Alcide-De-Gasperi-Gebai
(
fr
:
Batiment tour Alcide-De-Gasperi
) ass e Gebai um
Kierchbierg
-Plateau, op der
Place de l'Europe
, an der
Stad Letzebuerg
, dat nom italieenesche Politiker
Alcide De Gasperi
genannt gouf. Am Volleksmond gouf et laang "d'Heichhaus (um Kierchbierg)" genannt, well et mat sengen 23 Stack a 77 m Heicht laang Zait dat eenzegt an
hechst "Heichhaus" zu Letzebuerg
war
[1]
.
D'Gebai, dat dem Letzebuerger Staat geheiert, gouf tescht 1960 an 1965 gebaut. Architekte waren de
Michel Mousel
an de
Gaston Witry
. Et gouf de 24. Oktober 1966, zesumme mat der
Rouder Breck
, ageweit.
Zanter 1965 gett et vun
EU
-Institutioune benotzt, bis 2001 vum Sekretariat vum
Europaesche Parlament
.
2001-2011/12 gouf d'Gebai komplett renoveiert (enner anerem gouf et vun
Asbest
saneiert) an an e Konferenzzentrum integreiert. Am Mee 2009 waren d'Aarbechten un der
Fassad
, dei no Plang vum Bureau Van Santen komplett erneiert gouf, faerdeg. Si hunn 13,4 Mio Euro kascht. D'Renoveierungs- an Embauaarbechte bannenan, dei 183,5 Mio Euro kascht hunn, waren Enn 2010 faerdeg
[2]
.
Zanter dem Abrell 2011 sinn um 13. bis den 21. Stack d'Buroe vun de ronn 200 Mataarbechter vum Nohaltegkeetsministere ennerbruecht. Dei ennescht Stack gi vum
Conseil vun der Europaescher Unioun
benotzt, deem seng Setzungen 3 Meint am Joer an der Stad Letzebuerg ofgehale ginn. Dei eischt 4 Stack si fir Konferenzen a Reuniounen. De 5. bis den 9. Stack si fir dei verschidden Delegatiounen, wa Conseilssetzunge sinn. Den 10. an 11. Stack si fir de Ministeschconseil selwer. De grousse Plenarsall huet Plaz fir 300 Leit.
Nieft dem Gebai goufen e. a. weider Konferenzraim, e Pressesall fir 400 Leit, 33 Briefingzemmeren an eng Kantin fir 270 Leit amenageiert. D'Aarbechte fir dei nei Annex goufen am Abrell 2012 ofgeschloss. 96,1 Milliounen Euro waren dofir virgesi ginn
[2]
.
- ↑
2008 gouf et vun den Zwillingstierm vum
Europaesche Geriichtshaff
"iwwerholl", an 2012 vum Tuerm vun der
Maison du savoir
dem Haaptgebai vun der Uni Letzebuerg, op Belval.
- ↑
2,0
2,1
Youssef Razzak: "Alte Dame nach Lifting wieder im Rennen." in:
Tageblatt
Nr.187, 13. August 2010, S.7.