D'
Al Breck
och nach
Passerell
genannt (offiziell
pont Viaduc
), ass eng Breck an der
Stad Letzebuerg
, dei d'
Uewerstad
mam
Garer Quartier
verbennt. Si huet eng Langt vun 308,40 Meter a besteet aus 26 Bei (vun deenen der haut e puer verstoppt sinn). D'Feldwaite vun de Bei varieieren tescht 8 a 15 Meter an d'Breck ass 45 Meter heich.
Wei de
Grondstee
fir d'
Stater Gare
den 30. Oktober 1858 geluecht gi war, hu sech dei Responsabel vun der Stater Gemeng Gedanke gemaach, wei den Uschloss vun der d'Stad un dei zukunfteg Gare - dei baussent der
Festung
, op deemolegem
Hollerecher
Territoire louch - keint gemaach ginn. Den 20. November 1858 huet de
Gemengerot
e Projet vun enger Breck iwwer de
Peitrussdall
ugeholl, dee vun den Ingenieure vum
Guillaume-Luxembourg
,
Achille Grenier
an
Auguste Letellier
, gemaach gi war. Se gouf vun der englescher Firma
Waring Brothers
gebaut; de Grondstee gouf de
5. Oktober
1859
geluecht. Fir de Verkeier goung d'Breck den
29. August
1861
op. Se hat deemools eng Langt vun 330 m an eng maximal Heicht vun 42 m iwwert dem Dall.
Vum 1. Juli 1860 un, warend d'Breck gebaut gouf, war eng helzen Noutbreck, eng
Passerell
, opgeriicht ginn an den Numm gouf fir dei faerdeg Breck bis haut baibehalen.
Bei Renoveierungsaarbechte gouf se
1960
fir den emmer mei heije Verkeier duebel esou breet gemaach, vu 7,5 op 15 Meter.
Den Numm
Al Breck
krut se, wei uganks 1900 d'
Nei Breck
, namlech d'
Adolphe-Breck
, gebaut gouf.
Den
22. September
2006
ass am Kader vun der
Europaescher Mobiliteitswoch
dei westlech
Fuerspuer
op der Breck fir d'
Velosfuerer
reserveiert ginn. D'Velosspuer kann - anescht wei den
Individualverkeier
deen nemmen a Richtung Stad fuere kann - a beide Richtunge benotzt ginn
[1]
.
Am Hierscht 2018 sinn Aarbechten ugaangen, fir d'Breck em 2,40 Meter, bis op am Ganze 17,70 Meter, nach eng Keier mei breet ze maachen. Et koum haaptsachlech eng 3 Meter breet
Busspuer
a Richtung vum Garer Quartier derbai, d'Spuere fir de motoriseierte Verkeier goufe vun 2,90 op 3 Meter mei breet gemaach, an et koum e 4,50 Meter breede Wee fir Foussganger a Cyclisten (a beid Richtungen) op der Westsait bai, iwwerdeems den aneren Trettoir 20 Zentimeter baikritt huet
[2]
. Bis Enn 2021 gouf nach op der estlecher Sait geschafft, fir den Trettoir an d'Gelanner do identesch zu deem vis-a-vis ze erneieren
[3]
.
D'Busspuer a Richtung Gare ass den 3. November 2019 opgaangen
[4]
; d'Velospist gouf de 16. September 2020 ageweit
[5]
.
De Projet war mat engem Budget vu knapps eelef Milliounen Euro geplangt; d'Kaschte gi vum Staat iwwerholl
[6]
.
- ↑
Feist, P.
, 2006,
“So viele Aktionen”
am
Letzebuerger Land
, Nr. 38 vum 22. September 2006
- ↑
Nadine Schartz:
"Bruckenschlag in der Hauptstadt."
wort.lu, 11.06.2019.
- ↑
Elargissement du pont "Passerelle"
. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 23.09.2020.
- ↑
Reouverture du pont passerelle "Al Breck" apres elargissement - presentation du reamenagement de la piste cyclable et des dispositifs de securite du pont op gouvernement.lu den 3. Novembre 2019
- ↑
"Anti-Suicide-Konstruktioun am Moment provisoresch."
rtl.lu, 16.09.2020 20:25.
- ↑
Nadine Schartz,
Die Tram, eine Radpiste und die Platanen
op wort.lu de 6. August 2018 an enner dem Titel
Die Platanen-Allee
am
Luxemburger Wort
vum 6. August 2018, Sait 17.