Adolf von Baeyer
|
---|
|
Gebuertsnumm
|
Johann Friedrich Wilhelm Adolf von Baeyer
|
---|
Gebuer
|
31. Oktober
1835
Berlin
|
---|
Gestuerwen
|
20. August
1917
Starnberg
|
---|
Nationaliteit
|
Daitscht Keeserraich
|
---|
Educatioun
|
Humboldt-Universiteit Berlin
,
Universiteit vu Munchen
,
Universiteit vun Heidelberg
|
---|
Aktiviteit
|
Chimist, Universiteitsprofesser
|
---|
Member vun
|
Royal Society
, Accademia Nazionale dei Lincei, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wessenschaften,
Schweedesch Akademie vun de Wessenschaften
,
American Academy of Arts and Sciences
, Russesch Akademie vun de Wessenschaften, Preisesch Wessenschaftsakademie, Bayeresch Wessenschaftsakademie,
National Academy of Sciences
, Accademia delle Scienze di Torino
|
---|
Famill
|
---|
Papp
|
Johann Jacob Baeyer
|
---|
|
De
Johann Friedrich Wilhelm Adolf Baeyer
, gebuer den
31. Oktober
1835
zu
Berlin
a gestuerwen den
20. August
1917
zu
Starnberg
, war en daitsche
Cheemiker
.
1885
gouf hien zu sengem 50. Gebuertsdag an den
Adelstand
gehuewen, a gett zanterhier
(Ritter) Adolf von Baeyer
genannt.
1905
krut hien den
Nobelprais an der Chimie
.
Als Jong vum
preisesche
Generolleitnant
Johann Jacob Baeyer
war hie Schuler vum
Bunsen
a vum
Kekule
. Seng vill wessenschaftlech Erfolleger hunn d'Land zwar industriell no vir bruecht, dat huet hien awer net zu engem raiche Mann gemaach.
Hie war vun 1872 bis 1875 Professer op der
Stroossbuerger Uni
eier hien op Munchen gewiesselt huet an do dem
Justus von Liebig
sain Nofollger gouf.
De Baeyer, dee seng Versich meeschtens a Reagenzglieser gemaach huet, ass duerch d'Synthees vu Faarfstoffer wei
Phtalein
(
Phenolphtalein
,
Fluorescein
),
Anthraquinon
, (Alizarin),
Indigo
,
Isatin
a
Rhodamin
bekannt ginn.
Am Joer 1899 hunn de Baeyer a sai "Privatassistent", de
Victor Villiger
, entdeckt datt een
Oxidant
, deen den
Heinrich Caro
fonnt hat, et ermeiglecht, datt e
Keton
sech an en
Ester
emwandelt.
Beim Oxidant handelt et sech em de
Kaliumperoxymonosulfat
.
De Baeyer an de Villiger hunn och den eischten Derivat aus der Famill vun de
Peroxycarbonsaieren
, d'
Peroxybenzoesaier
prepareiert.
Nom Baeyer an dem Villiger ass eng Reaktioun genannt ginn dei si awer ni selwer gemaach hunn, d'
Baeyer-Villiger-Oxidatioun
.