Adelaide
[
?æd?le?d
] ass d'Haaptstad vum
australesche Bundesstaat
Sudaustralien
.
Adelaide ass eng Kustestad um Saint-Vincent-Golf a gouf vum eischte Gouverneur vum Staat, dem Kapitan John Hindmarsh, den 28. Dezember
1836
no der englescher
Kinnigin Adelaide
genannt. Si war d'Fra vum brittesche Kinnek
Wellem IV.
Am Geigesaz zu de Stied
Sydney
,
Hobart
an nach villen aneren, ass Adelaide net als
Strofkolonie
entstanen.
Zu Adelaide gett ee grousse Waert op Kultur geluecht, soudatt een d'Stad an
Australien
och als "festival city" kennt. Dobai gett Adelaide och nach ?city of churches“ (Stad vun de Kierchen) genannt. Zu Adelaide ginn och vill sportlech Manifestatiounen ofgehalen.
D'Stad Adelaide besteet eigentlech nemmen aus dem Stadkar am Parkrank. Adelaide ass ennerdeelt an Adelaide an North-Adelaide. Adelaide selwer huet nemme 17.500 Awunner. Dei ronn 250 Uertschaften, dei ronderem leie ginn awer meeschten zum Bezierk vun der Stad gerechent.
Virun der Besiidlung duerch d'Europaer hunn am Gebitt vum haitegen Adelaide ronn 300
Aborigines
vum Kaurna-Stamm gelieft. Dei, dei dei ageschleefte Krankheeten iwwerlieft hunn, goufe speider an der Geigend vun
Port Lincoln
ugesidelt.
1627
kartographeiert den
Hollanner
Pieter Nuyts
d'Kust vu Sudaustralien.
1802
goufen des Kusten dann erfuerscht, allerdengs duerch d'Briten. De Colonel William Light, Surveyor-Generol vu Sudaustralien, huet den 10. Februar
1837
eng Plaz ca. 10 km am Land eran um
River Torrens
fir de Bau vun der Haaptstad vun der neier Kolonie bestemmt. Dem Colonel Lights senger Waitsiicht sinn dei breet Stroossen am Schachbrietmuster a grouss Parkanlagen ze verdanken.