Den
Adel
oder d'
Nobless
ass eng sozial Grupp vu Leit, dei um
Ierfschaftsrecht
opgebaut ass, an dar hir d'Memberen (oder hir Virfahren) hire Waert bewisen hunn. A premodernen Zaite ware si dei Grupp, dei an der Gesellschaft dei hechst Plaz hat. Am
feudale System
an
Europa
an och soss an der Welt waren d'Adeleg dei, dei e
Fief
[1]
als
Vasall
haten, an als Konterpartie dem Kinnek trei waren, a fir hien zum Beispill an de
Krich
gezu sinn. Zimmlech seier war domat verbonnen, e gewessen
Titel
ze droen, deen ee sengen Nokomme veriewe konnt. Am
Frankraich
vum
Ancien Regime
haten dei Adeleg och verschidde steierlech an aner Virdeeler a Virrechter
[2]
. Hautdesdaags huet en Adelstitel greisstendeels nemmen nach e representative Waert, ouni datt si eng speziell Muecht hatten, wei dat virun e puer Joerhonnerten nach de Fall war.
Adel ass e
geschichtlechen
,
sozialen
a
rechtleche
Begreff, deen naischt mam sozio-wirtschaftleche Status ze dinn hat. Well ee raich war, war een net automatesch adeleg an et war och net seelen, datt verschidden Handlerfamillje bei waitem mei Suen am Tresor haten, wei de Grof aus der Noperschaft.
D'Wuert
Adel
kennt aus dem
germaneschen
odal
wat ee mat "onbeweegleche Besetz" oder "Immobilien" iwwersetze kann.
Dei
indoeuropaesch
Velker hunn hiert Liewen op enger Gesellschaft opgebaut, dei an drai opgedeelt war. Dei Andeelung an eng Grupp
dei biet
(
Klerus
), eng Grupp
dei kampft
(Adel) an an eng Grupp
dei produzeiert
(
Drette Stand
), gouf vun der
Kierch
ennerstetzt.
Den
europaeschen
Adel hat sain Ursprong am
Heichmettelalter
. Dei freimettelalterlech germanesch Herrscher hunn nach greisstendeels mat Stammesstrukturen a Verbann regeiert. Wei am
karolengesche
Raich an an der Zait duerno Strukture geschaf goufen, dei iwwer d'Stamm erausgaange sinn, huet den Herrscher nieft de Stammesfeierer (
Herzogen
) onofhangeg Fonctionnaire missen installeieren (Dengschtadel,
Ministeriales
). D'Denke vun dar Zait huet sech awer weiderhin a Stammes- an a Familljestrukture beweegt, a sou koum et zu enger Tendenz, dei Funktioune weider ze verierwen. Well d'"Bezuele" vun dese Fonctionnairen an enger Gesellschaft, dei nach keng entweckelt
Geldwirtschaft
kannt huet, meeschtes a Form vu Lannereie gemaach gouf, ass d'
Lehenswiesen
entstanen, an an der Folleg och d'Ierflechkeet vum Land zesumme mat der Funktioun.
877
gouf bei de
Franken
d'Recht, seng Charge a sai Land sou ze verierwen am
Kapitular vu Quierzy-sur-Oise
festgehalen.
Am
11. Joerhonnert
gouf et emmer mei
Ministeriales
(also ofhangeg Adelsfamillen), well d'Kinneken emmer mei Verwalter vun hirem Besetz gebraucht hunn. Mat der Ausdifferenzeierung vun desem System sinn ennerschiddlech
Adelstitelen
entstanen, e Prozess dee sain Ofschloss am
14. Joerhonnert
hat. Duerno koum et zu enger Phas an dar den heijen Adel emmer mei versicht huet sech geintiwwer vun der
kinneklecher
oder keeserlecher Gewalt z'
emanzipeieren
. An
Daitschland
an an
Italien
ass dat greisstendeels gelongen an et koum zu enger Staatebildung vun
Herzogtemer
a
Grofschaften
. An
England
a virun allem a
Frankraich
ass de Prozess net sou wait gaangen, an et hu sech eischter zentral organiseiert Staate gebilt
[3]
.
Am Verlaf vun de Kricher (wei zum Beispill dem
Honnertjarege Krich
) koum et op franseischer Sait zu Kriticken um Adel, dee jo eigentlech dei Grupp sollt sinn,
dei Waffen dreit
an dei awer wichteg Schluechte verluer hat. Sou koum et zu Beweegunge wei der
Jacquerie
. De Krich gouf emmer mei eng Affar vu Professionellen a vu Soldner, warend den adelege
Ritter
sech manner um Schluechtfeld weist, a wann, da gett hie meeschtens verschount, well e mei Sue brengt, wann en nach um Liewen ass. Am
15. Joerhonnert
gouf d'
Armei
weider moderniseiert a vill Adleger hu sech als
Gentilhomme
op d'Land zereckgezunn. Dese Liewensstil gouf vum
Gilles vu Gouberville
a sengem Journal beschriwwen.
Wann een net adeleg gebuer war, dann huet dat net bedeit datt een et net konnt ginn. A
Frankraich
war et net seelen, datt een duerch gewesse Funktioune fir de Kinnek en Adelstitel krut. Zwar hat ee selwer meeschtens net mei vill dovun, ma speider Generatiounen hunn dovu profiteiert. Des Zort vun Adeleger krut den Numm
Noblesse de Robe
[4]
.
Ma geneesou wei ee konnt adeleg ginn, konnt ee sain Titel och verleieren. A
Frankraich
war et zum Beispill den Adelege verbueden, manuell Aarbechten ze maachen, well dat
net nobel
war. Wei wait ee konnt goen, konnt sech awer vu Land zu Land ennerscheeden.
Den Neiergang vum Adel koum am
18. Joerhonnert
. Am
Zaitalter vun der Opklarung
war keng Plaz mei fir eng Grupp an der Gesellschaft, dei eemol eng Berechtegung hat als
Grupp dei kampft
ma awer scho laang net mei selwer um Schluechtfeld stoung. Dest war och e grousse Kritikpunkt an der
Franseischer Revolutioun
well d'Leit net mei agesinn hunn, weisou eng Grupp, dei hir eigentlech Aufgab scho laang net mei erfellt, speziell Privileegie sollt hunn. An
Daitschland
gouf den Adel mat der
Weimarer Constitutioun
1919
ofgeschaf.
Bis am
5. Joerhonnert
war den Adel a
Japan
nemmen e labbere Verband vu Sippen. Am
6. Joerhonnert
huet d'keeserlech Zentralmuecht ierflech Standestitel an d'Liewe geruff a si u verschidde Cheffe vun de Sippschaften iwwerginn an huet si domat staatlech delegeiert an hir Muecht legitimeiert.
Am
7. Joerhonnert
gouf den Adelskrittar bei der Gebuert duerch d'Verwaltungsfaegkeet ersat. Duerch e Landesgesetz aus dem Joer
701
gouf de Gebuertsadel duerch e Verdengschtadel vun Zivilbeamten ersat. Enner der Leedung vun desem Verdengschtadel, dee sech emmer mei an der Haaptstad
Heian
(haut
Kyoto
) konzentreiert huet, gouf den Zivil-Adel aus de Provenze bis zirka
1200
vun der Muecht verdriwwen. Bis am Joer
1868
war de sougenannte
Schwaert
-Adel (
Samurai
,
Daimy?
,
Sh?gun
) un der Muecht. Dem Keeser (
Tenn?
) si greisstendeels nemmen nach kulturell Aufgabe bliwwen.
1884
gouf am Kader vun der
Meiji-Restauratioun
den Zivil-Adel an de Schwaert-Adel zu engem eenzegen Adel (
Kazoku
) zesummegefaasst, an d'Samurai goufen ofgeschaf. Duerch e Gesetz vum
7. Juli
1884
gouf den Adel nom
chineesesche
Muster a fennef Klassen agestuuft, ma war awer am Geigesaz zu China onbegrenzt ierflech nom Grondsaz vun der Eischtgebuert. Nom
Zweete Weltkrich
gouf den Adel als Institutioun duerch d'Constitutioun vun
1946
ofgeschaf. Nemmen d'keeserlech Famill selwer ass bestoe bliwwen.
Bis zu der Ofschafung vum Keesertum am Joer
1912
gouf et a
China
en Heichadel, deen eischtens aus de Membere vun der
Mandschu
-Dynastie bestanen huet, an zweetens aus dem enke Krees vun zeng Haiser, dei den ierflechen Adel vu freiere Keeser kritt haten, e. a. d'Nokomme vum
Konfuzius
, d'Famill Kong, an d'Nokomme vum Krichshar vu
Formosa
am
17. Joerhonnert
, dem
Koxinga
.
Bei den aneren Adelegen huet d'Generatioun drop emmer e mei niddrege Stand geierft, soudatt den Adelstitel no fennef Generatiounen nees verschwonne war. Adeleger hate Virrechter fir Funktioune beim Haff. An der Armei waren awer dei
literaresch
a
militaresch
Prufunge mei wichteg wei en Titel. An der biergerlecher a speider
kommunistescher
Republik
ass den Adel verschwonnen. Vill Adeleger sinn ausgewandert, op
Hong Kong
, an
Taiwan
oder an d'
USA
.
- Martin Aurell,
La noblesse au Moyen Age
, Armand Colin, Parais, 1996.
- Christophe Badel,
La Noblesse de l'empire romain. Les masques et la vertu
, Seyssel, Champ Valon, 2005
(ISBN 287673415)
- Eckart Conze (Ersg.),
Kleines Lexikon des Adels. Titel, Throne, Traditionen
, C.H. Beck, Munchen, 2005.
(
ISBN 3-406-51070-1
)
- Walter Demel,
Der europaische Adel. Vom Mittelalter bis zur Gegenwart
, C.H. Beck, Munchen, 2005.
(
ISBN 3-406-50879-0
)
- Georges Duby,
Les trois ordres ou l'imaginaire du feodalisme
, Gallimard, Parais, 1978.
(ASIN 2070286045)
- Dominic Lieven,
Abschied von Macht und Wurden. Der Europaische Adel 1815-1914
, S. Fischer, Frankfurt, 1995.
(
ISBN 3-10-044804-9
)
- Arno J. Mayer,
Adelsmacht und Burgertum. Die Krise in der europaischen Gesellschaft 1848-1914
, dtv, Munchen, 1988.
(
ISBN 3-406-09749-9
)
- H.M. Scott (Ersg.),
The European Nobilities in the Seventeenth and Eighteens Centuries
, London 1985.
(
ISBN 0-582-08070-3
)
- ↑
E Fief konnt e Steck Land an/oder eng Charge sinn.
- ↑
Sou waren zum Beispill verschidde Steieren nemme vum
Drette Stand
ze bezuelen, Adel a
Klerus
waren als "privilegeiert Gruppen" dovun ausgeschloss.
- ↑
Dobai daerf een awer net vergiessen, datt et och an deene Lanner net emmer einfach war, fir sech als Kinnek ze behaapten. E leschte grousse Versuch d'Muecht u sech ze rappe war a
Frankraich
zum Beispill d'
Fronde
warend der Minoriteit vum
Louis XIV.
- ↑
Robe
: de Rack war eng Allusioun op de Fait datt et meeschtens
Magistrate
waren, dei duerch hir Funktioun adeleg gi sinn