D'
Abrellsblumm
(
Anemone nemorosa
L.) ass eng
Bleieplanz
aus der Gattung
Anemon
(
Anemone
), dei zu der Famill vun de
Botterblummen
(Ranunculaceae) geheiert.
De wessenschaftleche Gattungsnumm gett dacks op dat
griichescht
Wuert
anemos
(= "Wand") zereckgefouert, ma den Urspronk schengt eischter beim arabeschen Numm
an-nu'm?n
(=
Blutt
) ze leien
[2]
, eng Bezeechnung fir eng Planz dei rout blitt, wei d'Adonis
[3]
.
Den Aartennumm ass dat
latengescht
Adjektiv
nemorosa
/-
us
= "am Schiet".
Dem
Henri Klees
no huet d'Aart nach follgend Nimm: Bloderblumm, Beschblumm, Hefflerblumm, Holzblumm, Keisblimmchen, Keschteblumm, Laffelsblumm, Laffelkraut, Maerzblumm, Ouschterblei, Schankeblumm, Heckebloum, Pottschambsbloum
[4]
.
D'Planz dei e puer Joer hannereneen eremkennt, gett tescht 10 a 25 cm grouss a blitt tescht
Maerz
an
Abrell
/
Mee
. Hir Blieder sinn tescht 5 an 12 cm laang, mettelgreng, mat drai ofgerennte Wutzen, a mat klengen Zann laanscht d'Saiten. Se huet eng waiss eenzel Blei mat 6 - 8 Bleieblieder, dei tescht 2 an 3 cm grouss ass, dei heiansdo och liicht rosa ka sinn. Si huet e flaacht Wuerzelwierk, dat sech wait em d'Planz ausbreet. De Som gett vu
Seechomesse
verspreet.
D'Blumm ass an Europa an den hiwwelege Geigenden, an an de Bierger, an de Bescher an op Wisen ze fannen.
D'Planz, dei
Protoanemonin
enthalt, ass
gefteg
.
- Genaust, H. 2017. Etymologisches Worterbuch der botanischen Pflanzennamen. 6. Aufl. Verlag Springer Basel AG.
ISBN 978-3-86820-149-9
.
- Klees, Henri, 1994.
Luxemburger Pflanzennamen
. Beitrage zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
- Kraus, Mathias
, 1887.
Die einheimischen Giftpflanzen / mit naturgetreuen Abbildungen auf 21 colorirten Tafeln aus der litographischen [sic] Anstalt von J. F. Schreiber in Esslingen.
104 S. Verlag von J. Erpelding, Luxemburg.
- ↑
Des Lithographie vum
Jakob Ferdinand Schreiber
steet nieft der Sait 10 am Buch "Die einheimischen Giftpflanzen" vun 1887.
- ↑
Cf. Genaust 2017: 62 an der Literatur.
- ↑
Z. B. d'
Summer-Adonis
(
Adonis aestivalis
L.)
- ↑
Cf. Klees 1994 Nr. 31 / S. 3 an der Literatur.