- 1307
: De
Philippe IV. vu Frankraich
, 1285 op den Troun komm, huet all d'Member vum
Templeruerde
verhafte gelooss, offiziell weinst Ketzerei a Sodomie, a Wierklechkeet virun allem well e mat de Sue vum Uerde seng eidel Keese felle wollt an et net ausstoe konnt datt et eng staark Organisatioun gouf dei am Widersproch zu senger Opfaassung vu kinneklecher Autoriteit stung. Well de Prozess trotz oder grad weinst den Aveuen enner Folter net ganz dei gewenschten Tournure krut, huet de Philippe IV. en Appel un de
Poopst Clemens V.
geriicht, an deen huet den Uerden 1312 aus "apostolescher Muechtvollkommenheet" opgeleist.
- 1308
: Den
Heinrich VII.
, Grof vu Letzebuerg, gouf als Keeser vum
Hellege Reimesche Raich
gewielt an zu
Ooche
gekreint.
- 1309
: De franseische Kinnek Philippe IV. huet de Poopst Clemens V. ennerstetzt wei dee weinst Muechtkampf zu Roum fort wollt a sech zu
Avignon
neiergelooss huet. Fir dei nachst 67 Joer geroden d'Peepst enner den Afloss vun der franseischer Kroun. 1378 wollt den deemools nei gewielte Poopst zu Roum bleiwen, sain autokratesche Stil huet awer enger Rei Kardinal net gepasst, dei sech dunn alt nees u Frankraich gehalen hunn an e Geigepoopst gewielt hunn, dee sech nees zu Avignon installeiert huet - dat Grousst Schisma sollt 39 Joer bis 1417 daueren, an huet vill kierchlech Institutioune wei d'Menchsuerden an zwee Lager gespleckt.
- 1310
: De
Jang de Blannen
, Jong vum Heinrich VII, gett Grof vu Letzebuerg.
- 1311
: De Jang bestit d'
Elizabeth vu Beimen
.
- 1312
: De Jang gett als Kinnek vu
Beime
gekreint, als eischte vu veier beimesche Kinneken aus dem Haus Letzebuerg.
- 1312
-
1340
: De Jang huet a verschiddene Feldzich an
Daitschland
,
Italien
,
Litauen
an a
Loutrenge
gekampft, an ass am zweete Litauesche Feldzuch op engem A blann ginn a gouf zenterhier "Jang de Blannen" genannt.
- 1346
: De Jang de Blanne falt a Frankraich an der
Schluecht vu Crecy
. Den eelste Jong vum Jang de Blannen, de
Karel IV.
gouf als Keeser vum Hellege Reimesche Raich gewielt a gouf Kinnek vu Beimen als Karel I. Sengem Hallefbrudder
Wenzel I.
huet e speider Letzebuerg iwwerlooss.
- 1349
: Uganks des Jores kennt d'
Pescht
och op Letzebuerg, e gudden Deel vun der Bevelkerung kennt em. Domat net genuch, zanter dem Ufank vum Joerhonnert huet sech d'Klima spierbar ofgekillt, Keelt an eng sellege Wiederen hunn zu enger Agrarkris gefouert - wat d'Mensche geschwacht huet a villaicht eeben doweinst der Pescht et ermeiglecht huet sech sou seier auszebreeden.
- 1354
: Letzebuerg ass zum Herzogtum erhuewe ginn. De Wenzel I. gett eischten Herzog, an huet am selwechte Joer d'
Jeanne vu Brabant
bestuet.
- 1361
: D'
Osmanen
erueweren
Adrianopel
, dei zweetgreisst byzantinesch Stad, duerno fale
Makedonien
(1371) a
Bulgarien
(1385 an 1396) an hir Hann.
Konstantinopel
selwer konnt sech zu dar Zait zwar nach halen, war awer just nach e Klengstaat.
- 1383
: De Wenzel I. stierft ouni Ierwen ze hannerloossen an d'Herzogtum geet u sain
Neveu
Wenzel II.
- 1383
-
1443
De Wenzel II. verpannt Letzebuerg un de
Jobst vu Mieren
.
- Riederauere
kommen op, an der eischter Hallschent vum Joerhonnert eischter nach an Italien, an der zweeter Hallschent mei a mei och am Rescht vun Europa. Et waren an dar Zait effentlech Aueren an den Tierm vu Kierchen a Mareien, dei zur voller Stonn eng Klack laude gelooss hunn, entweeder automatesch oder duerch en Tiermer. Mei speit koumen Zifferblieder op, uganks just mat engem Stonnenzar.
- Sandauere
koumen ongefeier zur selwechter Zait op. Hire Virdeel par rapport zu de mechaneschen Auere war datt se mei belleg waren, op dar anerer Sait huet een net duerften de richtege Moment verpasse fir se ze dreinen. De Seifuerer huet se gedengt fir d'Scheffsvitesse ze moossen an ze bestemme weini eng Nuetswuecht eriwwer war, se huet et ermeiglecht d'Brenndauer an engem Uewen ofzemoossen, jo souguer Priedegtzaite konnt een domat limiteieren.
- Feierwaffe
komme ganz lues op. 1324 war e
Pot de fer
bei Metz am Asaz, eng Zort Feierdeppen a Vaseform aus Eisen oder Bronze, dat schweier Feiler verscheisse konnt a weinst dem heije Gewiicht beim Transport just fir d'Verdeedegung vun enger fester Positioun oder eng Belagerung benotzt konnt ginn. Mei mobil dogeint war en
Handrouer
, deen och uganks vum Joerhonnert entweckelt gouf a sech verbreet huet, an dee souguer 20-mol mei belleg ze baue war wei eng Aarmbroscht, op eng 100m eng Ritterreschtung duerchschloe konnt, weinst der niddreger Schossfrequenz an der Ufallegkeet vum Polfer geint Wand an Natzt awer och manner fir oppe Feldschluechten a mei fir Belagerunge geeegent war, ma op d'mannst och fir en Hannerhalt geholl konnt ginn.
- Wann och schonn am viregte Joerhonnert erfonnt, sou hu
Pabeier
aus Lompen an d'Pabeiermille sech reischt am 14. Joerhonnert lues a lues verbreede kennen, ier se dann am nachste Joerhonnert eng richteg Konkurrenz fir de
Pergament
aus Deierenhaut goufen an dee mei a mei verdrangt hunn.