Den
Etienne Heuschling
, gebuer de
6. Abrell
1762
an der
Stad Letzebuerg
a gestuerwen den
29. August
1847
zu
Breissel
, war e letzebuergesch-belsche Jurist a Philolog.
Hien huet sai Secondaire am
Stater Kolleisch
, deemools
College royal
theresien
genannt, gemaach.
1782 ass en zum Professer am
College-internat royal de Namur
genannt ginn. Kuerz duerno ass en dann awer op
Louvain
eng Lizenz am Droit maache gaang.
Dunn huet hien zu
Roum
orientalesch Sprooche studeiert; a 1788, no engem Concours an deem e ganz gutt ofgeschnidden hat, krut hien e Leierstull an der orientalescher Sprooch
Syriaque
op der Theologescher Akademie dei un der
Sapienza-Universiteit
gekoppelt war.
Zereck an den
Eistraicheschen Nidderlanden
huet hien, vu 1790 un,
Hebraesch
um
College des Trois Langues
vu
Louvain
enseigneiert. Hie war souguer dee leschte Professer um College des Trois Langues, wei des 1517 gegrennt Institutioun am Kontext vum
franseische Regime
1797 ofgeschaf gouf.
Hien huet sech bestuet an ass op Breissel wunne gaangen, wou en eng Zaitchen an der
Ecole centrale
vum
Departement Dyle
grammaire generale
-Course ginn huet.
Vun 1806 un huet hien op der
Ecole de droit de Bruxelles
, dei grad just am Kader vun der
Universite imperiale
gegrennt gi war, als Professeur
suppleant
Course ginn.
1817 gouf hien uerdentleche Professer fir Droit op der
Universite d'Etat de Louvain
, dei grad vum
hollannesche Pouvoir
- nieft den Universiteite vu
Leck
a vu
Gent
- gegrennt gi war.
- Biographie generale des Belges morts ou vivants.
G. Deroovers, Bruxelles 1850, 264 S. [Heuschling (Etienne): S. 216].
[1]
- Neve, Felix, 1848.
Etienne Heuschling et les derniers temps de l'enseignement de l'hebreu au college des Trois-Langues.
Annuaire de l'Universite catholique de Louvain, 12e annee, S. 274-320 [Biographie Heuschling: S. 302-320].
[2]
- Neyen, Auguste
, 1860.
Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingues originaires de ce pays considere a l'epoque de sa plus grande etendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le sejour qu'ils y ont fait.
Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 S. [Heuschling, Etienne: S. 246-247].