한국   대만   중국   일본 
Opbau vun der Aerd ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Opbau vun der Aerd

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Aerdkuuscht )
Den Opbau vun der Aerd: 1) & 2) Aerdkar; 3) enneschten Aerdmantel; 4) ieweschten Aerdmantel; 5) & 6) Aerdkuuscht

D' Aerd ass eng liicht ofgeflaachte Gestengskugel mat engem Metallkar. Em d'Aerd ass e Gasmantel, d' Atmosphar . D'Atmosphar geet ongefeier bis 500 km an d'Heicht.

Bis zur Aerdmett sinn et 6.371 km, an dat geschaten Aerdgewicht ass 5,96 Quadrimilliounen (5,9736?10 24 ) kg . Den Emfang ass 40.075 km um Equator .

D'Haaptschichten [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Aerdkuuscht [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Aerdkuuscht ass relativ denn a besteet zu 49,13 % aus Sauerstoff , zu 26,00 % aus Silicium , zu 7,45 % aus Aluminium , zu 4,20 % aus Eisen , zu 3,25 % aus Calcium , zu 2,40 % aus Natrium , zu 2,35 % aus Kalium , zu 2,35 % aus Magnesium , zu 1 % aus Waasserstoff an zu 1,87 % aus diversen aneren Elementer. Si ass enner de Kontinenter bis zu 70 km an enner den Ozeane bis zu 10 km deck an ass, vun der Mass an dem Volume am Verglach zu deenen aneren Aerddeeler, kleng. Et gett ennerscheet tescht der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht . D'Grenz tescht der Aerdkuuscht an dem Aerdmantel gett Mohorovicic-Diskontinuiteit genannt.

Den Aerdmantel [ anneren | Quelltext anneren ]

E lait enner der Aerdkuuscht, ass ongefeier 2.860 km deck, a besteet greisstendeels aus Silicatmineralien dei enner machetegem Drock an enormen Temperature fleissen. Am enneschten Aerdmantel bilde sech fest a kompakt Kristaller. Den ieweschten Aerdmantel ass deelweis geschmolt. Vun do kennt dee meeschte Magma hier. D' Iwwergangsschicht geheiert nach zum enneschten Aerdmantel a mecht d'Grenz zum Aerdkar.

Den Aerdkar [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Aerdkar ass dee bannenste Beraich vun der Aerd a besteet haaptsachlech aus Eisen . En ass agedeelt an e feste Bannekar an e flessegen Aussekar. De Bannekar ass ongefeier 1.130 km breet a geet bis zum Aerdmettelpunkt, dee 6.230 km deif lait. Den Aussekar ass 2.200 km breet a lait bis zu 2.900 km enner der Aerduewerflach . Dese banneschste Beraich ass gliddeg. D'Hetzt ass nach vum Entstoe vun der Aerd erhale bliwwen a gett duerch d' Karreaktiounen deif am Planeit nach verstaerkt.

Land a Mier [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Landmass vun der Aerd ass ongefeier 30 % vun der totaler Flach, d' Mierer bedecken ongefeier 70 %.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Opbau vun der Aerd ? Biller, Videoen oder Audiodateien