De
Sebastian Kurz
, gebuer de
27. August
1986
zu
Wien
, ass en
eistraichesche
Politiker (
OVP
). Hie war vum 18. Dezember 2017 bis den 28. Mee 2019, an dunn nees vum 7. Januar 2020 bis den 9. Oktober 2021
[1]
,
Bundeskanzler
vun der Republik Eistraich. Zanter dem Mee 2017 ass hien och Parteipresident um nationale Plang (
Bundesparteiobmann
) vun der OVP.
De Sebastian Kurz war zanter 2003 u Member a vun 2009 bis 2017 nationale President vun der Jugendorganisatioun vun der OVP, der JVP; vun 2010 bis 2011 Member vum Wiener Gemengerot a Landtag, an 2013 kuerz Deputeierte vum
Nationalrot
. Vun 2011 bis 2013 war hie Staatssekretar fir Integratioun a vun 2013 bis 2017 Minister fir europaesch an international Affaren.
Bei den Nationalrotswalen 2017 ass hie mat der
"Liste Sebastian Kurz ? die neue Volkspartei"
ugetrueden, an huet domat dei meescht Stemme kritt. De 15. Dezember 2017 gouf d'OVP sech mat der
Freiheitliche Partei Osterreichs
(FPO) iwwer eng Koalitiounsregierung eens, dei den 18. Dezember vereedegt gouf. Mat 31 Joer gouf hien domat dee jengste Regierungschef vun der Welt.
De 27. Mee 2019 huet d'Parlament him d'Vertrauen entzunn. Bei den Neiwalen am September 2019 war de Kurz Spetzekandidat vu senger Partei, an des gouf dei staerkst Partei am Parlament. De 7. Januar 2020 gouf de Sebastian Kurz op en Neits Kanzler vun enger OVP-GRUNE-Koalitiounsregierung.
Den 9. Oktober 2021 ass hien zereckgetrueden, nodeems
Korruptiounsvirwerf
geint hien opkomm waren an d'Oppositioun am Parlament e Messtrauensvott geint hien ugekennegt hat
[1]
. Hien ass zanterdeem nees normalen Deputeierten.
- Barbara Toth, Nina Horaczek:
Sebastian Kurz: Osterreichs neues Wunderkind?
, Residenz-Verlag, Salzburg 2017,
ISBN 978-3-7017-3451-1
- ↑
1,0
1,1
tagesschau.de
,
Osterreichs Kanzler Kurz tritt zuruck
.
tagesschau.de
. Gekuckt de(n) 2021-10-09.