D'
Kommunistesch Partei Letzebuerg
(
KPL
) ass eng
Letzebuerger politesch Partei
.
D'Kommunistesch Partei Letzebuerg ass den
2. Januar
1921
zu
Nidderkuer
, duerch eng Ofspleckung vun der
Sozialistescher Partei
, gegrennt ginn.
An der
Teschekrichszait
hat s'et net einfach: den
Zenon Bernard
, hiren eischten Deputeierten, deen
1934
an d'
Chamber
gewielt gouf, krut sai Mandat entzunn, an e Versuch vun der konservativer
Bech-Regierung
, d'KPL duerch e Gesetz verbidden ze loossen, gouf
1937
duerch den Ausgang vum
Referendum
zum
Uerdnungsgesetz
(besser bekannt als
Maulkuerfgesetz
) knapps verhennert.
[1]
Am
Zweete Weltkrich
war d'KPL vum Nazi-Okkupant verbueden, an hir Memberen hu missen ennerdauchen. Vill vun hinnen hu sech, nom
Nazi-Iwwerfall a Russland
am Juni
1941
, an der
Resistenz
organiseiert.
[2]
Nom Krich ass hir dat ugerechent ginn, a si gouf e feste Bestanddeel vun der Letzebuerger Parteielandschaft. Trotz der Polariseierung am
Kale Krich
hat si am Aarbechtermilieu trei Unhanger.
1968
hat d'KPL sechs Deputeierten an der Chamber, an a Sudgemenge wei zu
Esch
war si am Schafferot an huet heiansdo och de Buergermeeschter gestallt.
Nom Zesummebroch vum
Kommunismus
an Osteuropa an an der
Sowjetunioun
, em
1990
, ass et och mat der KPL rapid biergof gaangen. Dozou hunn och Spleckunge baigedroen: en Deel vun hire Memberen, wei den
Andre Hoffmann
, dei eng mei kritesch Analys vum
Stalinismus
haten, hunn 1993 d'
Nei Lenk
gegrennt. Souwuel d'KPL wei Nei Lenk hu sech
1994
un de Chamberwale bedeelegt (ma d'Nei Lenk just am Bezierk Suden): d'Nei Lenk krut kee Setz an d'KPL huet hire leschte Setz verluer a war fir d'eischt Keier an der Nokrichszait net mei an der Chamber.
1999
gouf
Dei Lenk
gegrennt, un dar sech och d'KPL bedeelegt huet. Zesummen hunn dei zwou Formatiounen nach vun
1999
-
2004
een Deputeierte "gedeelt"; 2004 konnte se sech net mei op e Walbundnis eenegen, a weeder Dei Lenk nach d'KPL ware fir d'Legislaturperiod 2004-2009 duerch en Deputeierte vertrueden. Och 2009, 2013, 2018 an 2023 gouf kee KPL-Deputeierten an d'Chamber gewielt.
No de
Gemengewalen
2017 war d'KPL an de Gemengereit vun zwou Stied vertrueden: Zu
Deifferdeng
an zu
Remeleng
. An der leschtgenannter war se, a Koalitioun mat der
LSAP
, am
Schafferot
.
Bei de Wale vun 2023 gouf en
Ali Ruckert
zu Deifferdeng net mei eremgewielt. Zu Remeleng krut d'KPL zwar nach ee Setz; well awer d'LSAP d'absolut Majoriteit am Gemengerot kritt huet, ass d'KPL mat hirem eenzege Setz nees just am Gemengerot vertrueden.
Den 2. Januar 2021 gouf zum 100jarege Bestoe vun der Partei zu
Nidderkuer
an der Hiel, genee virun deem Cafe, an deem d'KPL den 2. Januar 1921 gegrennt gouf, e Monument ageweit. Op der Plack steet geschriwwen:
1921 - 2021 Den 2. Januar 1921 ass zu Nidderkuer an der Rue de Longwy op Nummer 25 d'Kommunistesch Partei vu Letzebuerg (KPL) gegrennt gin
[
sic
]
Et goufen och rout
Oeillete
neiergeluecht.
[3]
- Laboulle, Luc: "Zum letzten Gefecht." in:
d'Letzebuerger Land
70. Jg. Nr.26, 30.06.2023, S.6.
- Kovacs, Stephanie
:
Communisme et anticommunisme au Luxembourg 1917-1932
, Letzebuerg, Rapidpress, 2002, 457 Saiten
- Kovacs, Stephanie:
L'extreme gauche au pouvoir. Strategie et politique du Parti Communiste Luxembourgeois de la fin de la Seconde Guerre Mondiale au debut de la guerre froide (1945-1947).
Luxembourg 2010.
- Ruckert, Ali
:
Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil I: 1921-1946
, Letzebuerg, KPL, 2006, 176 Saiten
- Ruckert, Ali:
Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil II: 1947-1954
, Letzebuerg, KPL, 2007, 176 Saiten
- Ruckert, Ali:
Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil III: 1955-1960
, Letzebuerg, KPL, 2010, 176 Saiten
- Ruckert, Ali:
100 Joer KPL: Die Geschichte einer revolutionaren Partei. Teil 1: 1921-1970
, Letzebuerg, KPL, 2021.
- ↑
Dei Lenk:
"Das Maulkorbgesetz: Daten und Fakten"
- ↑
Histoprim:
"Die organisierte Resistenz in Luxemburg"
- ↑
Jeannot Ries,
100 Joer KPL, Eng Geschicht mat Heichten an Deiften
, gelies op RTL.lu de 4. Januar 2021