Elmer Bernstein
|
---|
|
Gebuer
|
4. Abrell
1922
New York
|
---|
Gestuerwen
|
18. August
2004
Ojai
|
---|
Doudesursaach
|
Kriibs
|
---|
Nationaliteit
|
USA
|
---|
Educatioun
|
Juilliard School,
New York University
|
---|
Aktiviteit
|
Komponist
, Dirigent, Musekspedagog, Moler,
Schauspiller
, Enseignant,
Pianist
, Danzer, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Discographesche Kenschtler
|
---|
|
Den
Elmer Bernstein
, gebuer de
4. Abrell
1922
zu
New York
a gestuerwen den
18. August
2004
zu
Ojai
a
Kalifornien
war een US-amerikanesche Filmmusekkomponist.
Den Elmer Bernstein huet als Komponist vu
Radio
-Programmer an
Dokumentarfilmer
ugefaangen.
1950
ass hien op
Hollywood
gaangen an huet do Filmmusek geschriwwen.
Am Ganzen huet hien iwwer 200 Stecker geschriwwen. Seng bekanntst Kompositioun dierft d'Titelmelodie vum
Western
The Magnificent Seven
sinn, dei e. a. och jorelaang an Zigarettereklamme aus den 1970er Joren agesat gouf, fir de Western-Mythos z'ennermolen.
Hie gouf 14-mol fir den
Oscar
nomineiert. Hie krut dei Belounung awer nemmen eng Keier, dat war
1967
fir de
Musical
Thoroughly Modern Millie
.
Mat engem Concert an der
Londoner
Royal Albert Hall
huet en de
14. August
2001
seng 50 Joer als Filmmusekkomponist gefeiert.
Hie war net Famill mam
Leonard Bernstein
.