한국   대만   중국   일본 
Alexandra vu Letzebuerg ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Alexandra vu Letzebuerg

Vu Wikipedia
Alexandra vu Letzebuerg
D'Prinzessin Alexandra (2008)
Titelen
Biographie
Gebuer 16. Februar 1991
Letzebuerg
Bestuet mat Nicolas Bagory
Papp Henri vu Letzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwester Guillaume vu Letzebuerg , Felix vu Letzebuerg , Louis vu Letzebuerg , Sebastien vu Letzebuerg
Monogramm vun der Prinzessin Alexandra

D' Alexandra Josephine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine vu Letzebuerg , gebuer de 16. Februar 1991 an der Maternite Grande-Duchesse Charlotte zu Letzebuerg , ass Prinzessin vu Letzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Si ass dat veiert Kand an eenzeg Duechter vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa . Si ass d'Giedel vum Prenz Gabriel .

D'Prinzessin Alexandra ass zanter 2009 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau .

Den 22. Abrell 2023 gouf si op der Gemeng vun der Stad Letzebuerg mam Fransous Nicolas Bagory bestuet, deen den 11. November 1988 an der Bretagne gebuer gouf. Eng Woch drop, den 29. Abrell hu si sech an der Kierch Saint-Trophyme zu Bormes-les-Mimosas bestuet [1] [2] a Presenz vum traditionalistesche Beschof vu Frejus-Toulon, dem Monseigneur Dominique Rey [3] , dee politesch dem Rassemblement national nosteet an dem apostouleschen Nuntius Franco Coppola , deen d'Hochzaitsmass presideiert huet.

De 14. Mee 2024 koum der Koppel hiert eischt Kand, Victoire, zu Parais op d'Welt. [4]

Studium [ anneren | Quelltext anneren ]

No der Primarschoul zu Angelsbierg huet si hire Secondaire zu Letzebuerg am Lycee Vauban gemaach wou se 2009 den Ofschlossdiplom krut.

Si huet duerno Psychologie a Sozialwessenschaften an den USA studeiert an duerno e Philosophieofschloss zu Parais gemaach, mam Schweierpunkt Eethik an Anthropologie . Si huet duerno hire Studium um Trinity College zu Dublin ofgeschloss.

Zanter 2017 huet Si e Master an interrelieise Studie vun der Irish School of Ecumenics mat enger Spezialisatioun an der Konfliktleisung.

Patronagen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Prinzessin Alexandra iwwerhelt e Patronage vun der Letzebuerger Deiereschutzliga an der Letzebuerger Blannevereenegung .

Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Alexandra vu Letzebuerg ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Offiziell Fotoen an exklusive Video. D'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hu fir d'Zweet "Jo" gesot. . rtl.lu (30.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.
  2. Prinzessin Alexandra und Prinz Nicolas. Die schonsten Bilder der kirchlichen Trauung - Ein Ruckblick. . wort.lu (30.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.
  3. (fr) Luc Caregari , Cour grand-ducale, L'eveque qui cree la controverse . Reporter.lu [€] (11.5.2023). Gekuckt de(n) 11.5.2023.
  4. Luxemburger Wort vum 15. Mee 2024, S. 63: "Nachwuchs am Hof: Prinzessin Alexandras Baby ist da"