De
Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg
, gebuer de
27. Mee
1684
a gestuerwen de
26. Mee
1774
zu
Wien
, war en
eistraicheschen
Offizeier.
Den Neipperg, Fils vum keeserleche Feldmarschall Eberhard Friedrich vun Neipperg (1655-1725), ass
1702
an d'eistraichesch Armei agetrueden a gouf
1717
Colonel vun engem Infanterieregiment. Hien huet mat Succes
1716
am Tierkekrich bei
Temesvar
a 1717 bei
Belgrad
gekampft, gouf
1723
Generolmajouer an Erzeier vum Herzog Franz Stephan vu Loutrengen, dem speidere Keeser
Franz I.
, an duerno deem sai vertraute Frend.
1730
gouf den Neipperg Kommandant vun der
Festung Letzebuerg
.
1733
huet en als Feldmarschallleutnant de Krich an Italie matgemaach, den
Adam Sigmund von Thungen
huet hien zu Letzebuerg als Festungskommandant ofgeleist. Den Neipperg gouf
1735
Feldzeugmeister
,
1737
Gouverneur vun Temesvar an huet am Tierkekrich gekampft.
Den
1. September
1739
huet en ouni eng Vollmuecht an zu fir Eistraich ongenschtege Konditiounen de Fridde vu Belgrad ofgeschloss, a gouf dofir zum Prisong verurteelt.
1741
duerft en awer nees an d'Schluecht; hie war de Commandant-en-chef a
Schlesien
geint de
Friedrich II.
. Den
10. Abrell
huet en d'Schluecht vu Mollwitz verluer, a gouf ofberuff.
1743
war en nach eng Keier bei der Schluecht bei
Dettingen
dobai, ass awer geschwenn duerno hannescht op Wien gaangen, wou en
1753
Generol an Eistraich gouf a
1755
Hofkriegsratsprasident
.