De Vanderlei Luxemburgo da Silva , gebuer de 5. Oktober 1952 zu Nova Iguacu , ass e brasilianesche Foussballtrainer a freiere Foussballspiller.
Bekannt gouf en enner dem Numm Wanderley Luxemburgo , deen e mat 19 Joer an engem gefalschte Spillerpass gebraucht huet, an deen en e mei rezent Gebuertsdatum agedroen huet, fir datt en nach e Joer mei laang als Jugendspiller gelle konnt.
Zu senge greisste berufflechen Heichpunkter geheiert secher seng Zait vum 11. August 1998 bis den 30. September 2000 , wou en dei Brasilianesch Foussballnationalekipp ( Selecao ) traineiert huet, mat dar en 1999 d' Copa America gewonnen huet. Am selwechte Joer gouf e vun der International Federation of Football History & Statistics (IFFHS) als Weltnationaltrainer ernannt.
Vum 30. Dezember 2004 bis de 4. Dezember 2005 huet de Luxemburgo de Real Madrid traineiert. Du gouf hie mam Juan Ramon Lopez Caro ersat, dee virdrun Trainer vum Real Madrid B (2. Divisioun) war.