De Lawrence Tureaud gouf an de Robert Taylor Homes, engem Aarmequartier zu Chicago, als zweetjengst vun zwielef Kanner gebuer.
Als jonke Mann gouf e vu senge Bridder motiveiert, mat
Kraafttraining
unzefanken. Hie war ee College-
Football
-Star a gouf draimol Stadmeeschter am Wrestling. Duerno goung hie an d'Armei, ma e gouf kuerz drop weinst engem Strait mat engem Virgesetzten entlooss.
Duerno huet en als
Bodyguard
geschafft a vun do un huet e sech
Mr. T
genannt, als Tribut u sai Papp, dee vun deene Waissen dacks ?Boy“ vernannt gouf, a fir datt een hie mat Mister uschwatze misst. Hien huet prominent Persoune wei d'
Diana Ross
, de
Steve McQueen
, de
Muhammad Ali
an de
Michael Jackson
beschutzt. Hie krut sou ee gewesse Bekanntheetsgrad, deen him speiderhin zu enger Filmcarriere verhollef huet. Bekannt ass och sai Reklammssproch op senge Visittekaarten: ?Next to God, there is no greater protector than I.“
De Mr. T gouf 1982 vum
Sylvester Stallone
entdeckt a krut d'Roll vum
Clubber Lang
am dretten Deel vun der
Rocky
-Saga. Seng Bekanntheet verdankt hien awer och senger Roll als
Bosco B. A. (Bad attitude) Baracus
an der amerikanescher Fernseeserie
The A-Team
. An der Zeechentrickserie
Mr. T
(1983) war de Mr. T selwer d'Haaptfigur an ass mat enger Grupp vun Turneren duerch d'USA gereest. De reale Mr. T huet zum Schluss vu jiddwer Folleg dei jonk Zuschauer iwwer Theme wei de Messbrauch vun Drogen, d'Behuelen a Problemsituatiounen oder dat richtegt Emweltbehuelen opgeklaert. Am Joer 1984 huet de Mr. T sech am Museksgeschaft versicht an huet de Rapsong
Treat Your Mother Right
opgeholl, deen allerdengs nemme weineg Erfolleg hat.
De Mr. T ass Papp vun drai Kanner.
De Kontakt zur WWF (haut
WWE
) huet den
Hulk Hogan
hiergestallt, deen a
Rocky III
an a
The A-Team
eng Gaaschtroll hat. Dei doraus resulteierend Zesummenaarbecht hat am Maerz 1985 bei
Wrestlemania I
hiren Heichpunkt, wei de Mr. T an den Hogan zesummen am Ring stoungen.
An den 1990er Joren ass de Mr. T u
Lymphknuetkriibs
erkrankt. Seng Heelung huet sai Glawen a Gott gestaerkt. Haut ass en e.?a. als Priedeger aktiv.
Am Joer 2001 kennt de Mr. T an enger kuerzer Sequenz vum Film
Not Another Teen Movie
vir. Um Rand vum Footballfeld setzt hie sech, verdeckt vun enger Kapuz, dei deif an d'Gesiicht gezunn ass, nieft dee Spiller, deen iwwer de ganze Film net agesat gett, a mecht him Mutt. Ausserdeem erschengt en am Musikvideo vum
Busta Rhymes
sengem Song
Pass the Courcoisier Part 2
. An Australie war de Mr. T Enn 2007 an engem Fernseewerbespot fir
Snickers
ze gesinn. Dora fiert en an A-Team-Maneier mat engem Panzer op e Foussballfeld a fuerdert ee Spiller, deen um Buedem lait, op, weiderzespillen. (Slogan:
Get some nuts!
)
Ausserdeem trett en an engem Werbespot fir d'Computerspill
World of Warcraft
op, dee schonn no kuerzer Zait mat de Wierder,
?Vielleicht hat Mr. T das Spiel gehackt und eine Irokesen-Klasse erstellt... Vielleicht ist Mr. T ein Computer-Ass!“
, Kultstatus bei de Spiller erreecht huet. No desem Werbespot koum 2009 een zweeten, an deem en als Beweis fir seng
?Hackerfaegkeeten“
iwwer eng Irokesegranat beriicht, mat dar een a
World of Warcraft
de Spiller d'Ausgesi vum Mr. T ka ginn.
Zanter 2008 ass hien an den Dauerreklammespotte vum Versandhandler TrendPro TV ze gesinn, wou e fir ee vun hire Produite Reklamm mecht.