De Maerz ( Aussenzait oder Lenzmount ) ass den drette Mount am Gregorianesche Kalenner . Ausserdeem ass et den eischte Mount vum Freijoer .
Den Numm kennt aus dem latengesche martius an de Mount war zu Eiere vum reimesche Krichsgott Mars benannt.
Bei den Hellenen huet de Maerz Anthesterion geheescht.
D'Bezeechnung Aussenzait am ale letzebuergesche Kalenner kennt dohier datt mam Freijoer d'Beischten erem eraus op d'Wise kennen an een och d'Baueren nees de ganzen Dag dobausse schaffe gesait. Lenzmount dogeint geet op dat Aldaitscht Lenzing zereck, mat "lenz" - "laang" an "ing" - "Dag", also deem Mount wou d'Deeg nees mei laang ginn.