De Leslie Copus Peltier , gebuer den 2. Januar 1900 zu Delphos , Ohio a gestuerwen den 10. Mee 1980 , war en US-amerikaneschen Astronom . Hien huet als Amateurastronom e ganze Koup Komeiten entdeckt, an d' verannerlech Staren ennersicht. Hie war Member an der American Association of Variable Star Observers (AAVSO).
Hien ass vum Harlow Shapley als "beschten Amateurastronom" bezeechent ginn.
De Leslie C. Peltier Award als Auszeechnung fir besonnesch astronomesch Leeschtungen, gouf no him genannt. Nom Peltier ass den Asteroid (3850) Peltier benannt.
Portal Astronomie