Den
Hannes Olof Gosta Alfven
, gebuer den
30. Mee
1908
zu
Norrkoping
, a gestuerwen den
2. Abrell
1995
zu
Djursholm
, war e schweedesche Physiker. Hie krut 1970 de Physik-Nobelprais "fir seng grondleeend Leeschtungen an Entdeckungen an der
Magnetohydrodynamik
mat fruchtbaren Applikatiounen a verschiddenen Deeler vun der
Plasmaphysik
."
Hannes Alfven
|
---|
|
Gebuertsnumm
|
Hannes Olof Gosta Alfven
|
---|
Pseudonym
|
Olof Johannesson
|
---|
Gebuer
|
30. Mee
1908
|
---|
Gestuerwen
|
2. Abrell
1995
|
---|
Nationaliteit
|
Schweden
|
---|
Educatioun
|
Universiteit Uppsala
|
---|
Aktiviteit
|
Physiker
,
Astronom
,
Astrophysiker
, Universiteitsprofesser, Elektroingenieur, Science-Fiction-Schreftsteller
|
---|
Member vun
|
Schweedesch Akademie vun de Wessenschaften
,
Royal Society
, Wessenschaftsakademie vun der URSS,
American Academy of Arts and Sciences
, Russesch Akademie vun de Wessenschaften,
National Academy of Sciences
|
---|
|
Dem Hannes Alfven seng Elteren, de Johannes Alfven an d'Anna-Clara Romanus, ware Medezinner. Sai Monni, den
Hugo Alfven
, war e bekannte Komponist an Dirigent.
Vun 1926 un huet den Alfven
Physik
a
Philosophie
op der Universiteit vun
Uppsala
studeiert. 1934 krut hien do en
Doktertitel
fir seng
Analys vun de ultrakuerzen elektromagnetesche Wellen
. Nach am selwechte Joer huet hien ugefaangen als Physik-Dozent op senger Universiteit z'ennerriichten. 1937 huet en eng Plaz am Nobel-Institut fir Physik zu
Stockholm
kritt. 1940 gouf hien op de Kinneklechen Institut fir Technologieberuff als Professer fir elektromagnetesch Theorie an elektresch Miessunge beruff.
1935 huet den Alfven sech mat der Kerstin Maria Erikson bestuet, dem Meedche vum Ingenieur Rolf Erikson a senger Fra Maria Uddenberg, dei zesumme fennef Kanner haten, d'Cecila, d'Inger, de Gosta, d'Reidun an d'Berenike. Deen eenzege Jong, de Gosta, gouf Medziner, d'Inger
Schreftstellerin
, an en anert Affekotin.
Den Alfven war enner anerem Member vun der
Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wessenschaften
zu Stockholm a vun der
International Academy of Science
. Hie war ausserdeem ee vun de rare Wessenschaftler vu senger Zait, dei zu glaicher Zait Member vun der amerikanescher an der sowjetescher Akademie vun de Wessenschafte waren.
D'
Alfven-Wellen
, mechanesch Welle bannent dem
Plasma
, sinn no him benannt. Den
Asteroid
1778 Alfven
krut sain Numm weinst senge Verdengschter fir d'
Astrophysik
.
Den Alfven huet vun 1939 un d'Entstoe vun de
Polarliichter
a vun de
magneitesche Stierm
ennersicht, an den Afloss vu
Magneitfelder
beim Entstoe vum
Sonnesystem
. Hien huet eng zentral Roll bei der Erfuerschung vun der
Plasmaphysik
gespillt, a vun de geluedene Partikel-Stralen, der interplanetarer Physik, der
magneitospharescher Physik
a besonnesch op dem Gebitt vun der Magneitohydrodynamik, senger Spezialiteit.
Den Alfven war emmer e Geigner vun der
Urknall-Theorie
. Schonn 1963 huet den Alfven d'Theorie vertrueden, d'Universum hatt eng Fiesestrucktur mat
Filamenter
, wat kloer geint en Urknall schwatzt. Hie selwer huet d'Iddi vun engem Plasma-Universum fir dei plausibelst gehalen; se konnt sech awer net duerchsetzen.
Obwuel den Alfven am Laf vu sengem Liewen vill Auszeechnunge krut, si seng Iddie laang Zait vun der Fachwelt refuseiert ginn. Dacks genuch war den Alfven gezwongen, seng wessenschaftlech Aarbechten an onbedeitenden Zaitschreften ze publizeieren. Besonnesch d'Kritik vum britteschen
Astronom
a
Geophysiker
Sydney Chapman
u sengen Theorien iwwer d'magneitospharesch Physik hunn et dem Alfven net liicht gemaach, fir Ennerstetzung fir seng Aarbecht ze kreien.
Auszeechnungen
anneren
Den Alfven krut 1970 de Physik-Nobelprais
fir seng grondleeend Leeschutngen a Entdeckungen an der Magnetohydrodynamik mat fruchtbaren Applikatiounen a verschiddenen Deeler vun der Plasmaphysik.
- 1967: d'Goldmedail vun der
Kinneklecher Astronomescher Gesellschaft
- 1971: d'Goldmedail vum Franklin-Institut
- 1971: d'Lomonosov-Goldmedail vun der sowjetescher Akademie vun de Wessenschaften
Nieft senge wessenschaftleche Publikatiounen huet den Alfven och popularwessenschaftlech Bicher geschriwwen, e puer dovu mat senger Fra.
- Atome, Mensch und Universum. Die lange Kette der Komplikationen
, Suhrkamp, Frankfurt am Main, 1984.
- M Siebzig. Die Menschheit der siebziger Jahre
, Suhrkamp, Frankfurt am Main, 1984.
- Kosmologie und Antimaterie. Uber die Entstehung des Weltalls
, Umschau-Verlag, Frankfurt am Main, 1984,
- Saga vom grossen Computer
, Limes-Verlag, 1970.