Seng Resistenzaktiviteiten
anneren
De Camille Sutor huet am
Zweete Weltkrich
zu
Dikrech
am
Kolleisch
studeiert. Do huet hien
1941
d'Resistenzgrupp
"Trei Letzebuerger Studenten" (TLS)
gegrennt. Als Haaptschellege vum Widderstand bei de Studenten ass hie vun der Schoul geflunn.
Am August 1941 huet hie sech duerch e
Passeur
bei
Peiteng
iwwer d'
franseisch
Grenz brenge geloss an ass bis op
Lyon
komm. Hie war um Begriefnes vum verschleefte
Paschtouer
N. Biwer vu
Gilsdref
an ass duerno awer erem op Letzebuerg zereckkomm.
Bei dem gelongene Versuch kanadesch Parachutisten ze retten, huet den Drama ugefaangen. De Camille Sutor huet d'
Kanadier
an d'Heemechtshaus op Iermsdref bruecht a se do verstoppt.
Duerch de Verrot vun Iermsdreffer Bierger sinn dei daitsch Truppe seier gewuer ginn datt "a Maischens" eppes mei lass war. Si hunn d'Proprieteit emstallt a glaich de Richard Sutor, dem Camille sai Brudder, un d'Mauer gestallt a mam Papp Sutor als Schutzscheld an d'Stuff gestiermt, wou de Camille Sutor sech opgehalen huet. No der Opfuerderung seng
Pistoul
falen ze loossen hu se geschoss an hien deidlech tescht d'Ae getraff.
De Richard Sutor konnt am Duerchernee fluchten a sech an de
Bescher
verstoppen. D'kanadesch Zaldoten an en Deel vun der Famill hate sech an de "Bunker" gerett.
40 Joer nom Doud hu seng 3 bescht Frenn um Heemechtshaus vum Camille Sutor zu Iermsdref en Plack ubruecht mat der Opschreft HIC OBEIT CAMILLUS SUTOR PRO PATRIA LEO PUGNANS.
Zu Iermsdref gouf eng Strooss nom Camille Sutor benannt
[1]
an den 19. Mee 2024 huet d'
Arenzdallgemeng
an enger Gedenkfeier fir sain 80. Doudesdag e Monument fir de Camille Sutor ageweit.
- Raths, Aloyse
:
Erennerong un e grousse Resistenzler: Camille Sutor vun Iermsdref
am: Rappel:
bulletin trimestriel de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et deportes politiques
. - Luxembourg. - Joergang 59(2004), n° 3, p.?353-377
- Hoffmann, Serge
:
Le mouvement de resistance LVL au Luxembourg
, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Andre Grosbusch
, Camille Sutor, Lion de la resistance, Net ee vu villen, 2024, ISBN13 9789995909680,
Letzshop
- Camille Sutor
, ons jongen a meedecher.lu
- (en)
https://www.liberationroute.com/stories/361/camille-sutor
- Leiw vun der Resistenz
, Sendung "Den Hallwer Neng" vum 24.5.2024 um
Radio 100,7
E Gespreich vum Maurice Molitor mam Nathalie Brachmond-Sutor, dem Camille seng Kleng-Niess, a mam Andre Grosbusch.
- A.H.M.E, 1986,
Luxemburg: Kriegsfgeshehen 1940-1945, Umschreiben von handgeschriebenen Texten aus Kriegstagebucher, Anhang 2, Camille Sutor
- Richard Sutor
, ons jongen a meedecher.lu