De
Wiktor Fedorowytsch Janukowytsch
(op
Ukrainesch
В?ктор Федорович Янукович an op
Russesch
Виктор Фёдорович Янукович), gebuer den
9. Juli
1950
zu
Jenakijewe
am
Oblast Donezk
, ass en
ukrainesche
Politiker
a war zaitweileg Chef vun der
Partei vun de Regiounen
.
De Wiktor Janukowytsch war vum
21. November
2002
bis den
31. Dezember
2004
Premierminister vun der Ukrain
. 2004 huet hie fir d'Presidentschaftswale vu sengem Land kandideiert, ma en huet geint de
Wiktor Juschtschenko
, de Leader vun der
Oranger Revolutioun
, verluer. 2006 war seng Partei dei staerkst bei de Parlamentswalen, a sou gouf hien nees, vum
4. August
2006
bis den
18. Dezember
2007
, Premierminister.
2010 huet hien, als Oppositiounsleader, d'Presidentschaftswale mat 48,95% vun de Stemme gewonnen. No der Eskalatioun vun de sougenannten Euromaidan-Protester, woubai et zu 77 Doudeger koum, gouf de Janukowytsch den 22. Februar 2014 vum ukrainesche Parlament fir ofgesat erklaert. Hie betruecht seng Amtsenthiewung als illegal.