Den Henri Vannerus , gebuer den 29. Juli 1833 zu Dikrech , gestuerwen de 16. Mee 1921 an der Stad Letzebuerg , [1] war e letzebuergesche Jurist a Politiker .
Hie war President vum Bezierksgeriicht Dikrech.
Vun 1864 bis 1866 an der Regierung de Tornaco a vun 1867 bis 1869 an der Regierung Servais war e Generaldirekter ( Minister ) fir Justiz.
Tescht 1874 an 1921 war e Member vum Staatsrot . Vun 1888 bis 1889 , an dann nees vun 1895 bis 1914 , war e President dovun.
Hien huet sech aktiv fir Geschicht intresseiert, war Member vun der 'Societe archeologique' a President dovun tescht 1888 an 1894 .
Den Henri Vannerus war de Jong vum Nottar an Dikrecher Buergermeeschter Francois-Julien Vannerus (1779-1850) an de Monni vum Historiker Jules Vannerus . Hie war de Schwoer vum Charles Metz , dee seng Schwester Justine (1808-1849) 1827 bestuet hat.